DäitschlandMeedche vun 12 Joer vun enger Kugel getraff an noutoperéiert

War et express oder awer en Accident? An der Silvestnuecht ass e Meedchen (12) zu Salzgitter an Niedersachsen um Hallefnuecht vun enger Kugel getraff ginn.

Wéi et an der lokaler Press heescht, hätten eng Rei Männer fir de Joreswiessel ëm sech geschoss. D'Meedchen huet missen noutoperéiert ginn.  D'Police ass den Ament op der Sich no der Waff.