DäitschlandNächst Ronn vu méigleche Koalitiounsgespréicher

Iwwer dräi Méint no de Bundestagswahle kommen d'Spëtzte vun Unioun an SPD eng weider Kéier beieneen, fir iwwert eng méiglech Koalitioun ze beroden.

Ronderëm den Dësch sëtzen nieft der Bundeskanzlerin an CDU-Cheffin Angela Merkel, den CSU Chef Horst Seehofer an de President vun der SPD Martin Schulz. Eng lescht Reunioun war viru Chrëschtdag. Deemools goufen organisatoresch Detailer fir Sondéierungsgespréicher gekläert. Ob d'SPD fir eventuell Koalitiounsgespréicher bereet ass, soll op engem extraordinäre Parteidag den 21. Januar op Basis vun de Sondéierungsgespréicher decidéiert ginn.