An engem Interview mat der "Welt am Sonntag", huet den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker fir eng europäesch Aarbechtslosen-Assurance plädéiert.
Groussbritannien geet op Nummer sécher, fir de Fall wou et kee Brexit-Accord gëtt an doduerch gréisser Onrouen an Irland kéinten entstoen. 6 Commentaire(n)
Och wann et d'Firma ënnert deem Numm haut net méi gëtt, feiert Hewlett-Packard den 1. Januar 2019 seng 80 Joer.
D'Land léist domadder Éisträich of. A 6 Méint ass et u Finnland, fir déi Roll ze iwwerhuelen. 3 Commentaire(n)
All Joers entginn der EU tëscht 50 a 70 Milliarden Euro duerch Steiertricken vu grousse Firmen, d'EU-Kommissioun wëll 2019 verstäerkt dogéint virgoen. 9 Commentaire(n)
Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet dëst an engem Interview mat der Zeitung "Welt am Sonntag" gesot.
An e puer Deeg iwwerhëlt Rumänien d'EU-Presidence. De Kommissiounspresident Juncker huet an engem Interview Rumänien awer eng schlecht Zensur ausgestallt.
Nom Accord mat Japan, wéilt een elo och mat der südamerikanescher Allianz Mercosur eng Eenegung fannen.
Am Moment gëtt et 79 Milliounen Enregistrementer, dës goufen 2017 5 Milliarde mol consultéiert. 1 Commentaire(n)
Éisträich hat déi lescht 6 Méint d'EU-Presidence. D'UNHCR, d'Flüchtlingskommissariat vun der UNO, huet eng richteg Asylpolitik vermësst.
Den EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos hat viru Kuerzem an engem Interview mat der Funke Mediengruppe en Enn vun den ëmstriddene Grenzkontrolle gefuerdert. 4 Commentaire(n)
D'Amber Rudd huet an engem Interview schaarf kritiséiert, wéi den EU-Kommissiounspresident sech vis-à-vis vu Fra behëlt. 74 Commentaire(n)
Si goufe verdächtegt dem presuméierten Attentäter Cherif Chekatt eng Waff besuergt ze hunn. 1 Commentaire(n)
Déi europäesch Kommissioun wëll u verschidden Hëllefsorganisatiounen, déi a Griicheland hëllefen, 289 Millioune bezuelen, fir d'Migranten z'encadréieren.
D'EU-Kommissioun huet e Mëttwoch een Noutfallplang decidéiert fir de Fall vun engem haarde Brexit, also engem EU-Austrëtt vu Groussbritannien ouni Accord. 1 Commentaire(n)
D'Regierung zu Roum huet d'Neiverschëldung an hirem Budget esou adaptéiert, datt se elo den europäesche Stabilitéitscritèren entsprécht. 0 Commentaire(n)
De Brexit léisst och Lëtzebuerg net onberéiert, ëmmerhi geet et ëm ronn 6000 Briten am Grand-Duché a ronn 2000 Lëtzebuerger, déi a Groussbritannien liewen. 1 Commentaire(n)
Vertrieder vum Europaparlament an den EU-Länner hu sech e Mëttwoch de Moie fréi op entspriechend Reegele gëeenegt.
De Verbuet vun ënnert anerem Besteck aus Plastik, Schallimoen, Ouerestäbercher asw kënnt. Dat gouf um Mëttwoch zu Bréissel decidéiert. 26 Commentaire(n)
Ronn 100 Deeg virum geplangten EU-Austrëtt vu Groussbritannien gëtt ee sougenannten haarde Brexit, also en Divorce ouni Accord, ëmmer méi wahrscheinlech.