EU-DirektivMéi streng Regele fir Mineralien aus Krichsregiounen

Bewaffent Gruppen a Krisegebidder sollen et an Zukunft méi schwéier kréien, sech duerch den Handel mat wäertvolle Mineralien ze finanzéieren.

Dëst Direktive gouf zu Stroossbuerg bewëllegt. E Schrëtt an déi richteg Richtung, ma nach geet d'Gesetz net wäit genuch. Méi strikt Reegele sollen an d'Zukunft an der EU gëllen, wat d'Aféiere vu Mineralien a Metaller aus Konflikt- a Krichsregiounen ugeet.

Entreprisen, déi zum Beispill mat Gold oder Zënn handelen, solle genee uginn, vu wiem si dës Materialien krut hunn. Heiduerch soll den Handel mat bewaffente Gruppen an Krichs- a Konfliktregiounen ënnerbonne ginn.

Eng Konfliktregioun, déi zum Beispill bedeitend Buedemschätz huet, ass de Kongo. Déi méi strikt Reegelen sollen d’Situatioun fir d’Mënschen an de Regioune verbesseren.

Dës Materialie gi virun allem bei villen High-Tech-Apparate gebraucht. Zum Beispill an der Auto- oder der Elektronik-Industrie.
D'Europaparlament wollt dowéinst och déi Entreprisen, déi zum Beispill Smartphones oder Tableten hierstellen, obligéieren, fir op de Gebrauch vu Mineralien aus Konfliktregiounen ze verzichten. D’EU-Memberen an d’EU-Kommissioun wollt et awer bei der fräiwëlleger Verflichtung beloossen.

Och Zänndokteren oder Bijoux-Produzente sinn net vun den neie Reegele betraff, well si nëmmen e klengen Deel vun den Importer ausmaachen.

Positiv ass, datt d’EU-Kommissioun sech bereet erkläert huet, aner Moossnahme fir Firme virzeschloen, géingen déi fräiwëlleg Initiativen net duer goen.

D’EU-Kommissioun hat am Mäerz 2014 nei Reegele fir den Handel mat Mineralien a Konfliktregiounen virgeluecht. Déi nei Eenegung ass e virleefege Kompromëss, deen déi grouss Linne regelt. Detailer mussen awer nach an den nächste Méint ausgeschafft ginn. D’Memberstaate mussen der Direktiv nach formell zoustëmmen, fir datt se wéi geplangt 2021 gëlle kann.