EU-KommissiounBanke solle Fraisen op Net-Euro-Virementen erofsetzen

Zum Deel géifen d'Banken ontransparent an exzessiv Fraisen op déi Iwwerweisungen dropschloen, heescht vun der EU.

© AFP

D'EU-Kommissioun wëll d'Banken dozou verflichten, hir Fraisen op grenziwwerschreidenden Iwwerweisungen nach weider erofzesetzen. Bei sougenannten Net-Euro-Viremente géifen d'Banken zum Deel ontransparent an exzessiv Fraisen dropschloen, schreift d'Handelsblatt um Freideg an zitéiert aus engem Aktiounsplang, deen an den nächste Wochen zu Bréissel presentéiert soll ginn. Et geet speziell ëm d'Währunge vun allen Net-Euro-Länner, wéi Groussbritannien oder Schweden.