EU-USA-RelatiounJean-Claude Juncker warnt virun Handelskrich mat den USA

Europa an d’USA sinn am gaangen sech ze entfriemen, seet den EU Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am Interview mat der “Bild am Sonntag”.

© AFP
Dat wier de Fall zanter deem den Donald Trump un der Spëtzt vun den USA setze géif. Hie géing de Brexit begréissen an déi aner Staaten esouguer dozou encouragéieren et dem britesche Beispill nozemaachen, esou de Juncker.

De Kommissiounspresident warnt, dann och virun engem Handelskrich mat den USA. De Kommissiounspresident freet sech op d’USA deem gewuess wieren. Et wier a kengem sengem Interêt.

G20-Sommet vun de Finanzminister zu Baden-Baden:

D’USA ginn dann och net mat op de Wee wéi déi aner Finanzminister vun de G20 Länner. D’Amerikaner hunn nämlech um Sommet zu Baden-Baden eng Ofschlossdeklaratioun net ganz matgedroen. Doranner sollte sech d’Minister fir de Klimaschutz a géint de Protektionismus bekennen, d’Amerikanesch Vertrieder hunn dat awer net gemaach. Elleng um Punkt vum Handel fir d‘Wirtschaft ze stäerken, war een enger Meenung.