Europäesche GeriichtshaffChef muss dem Employé eréischt no 12 Deeg um Stéck fräi ginn

Wann een 6 Deeg hannerteneen geschafft huet, muss een net noutwendegerweis de 7ten Dag fräi kréien, sou d'Uerteel vum europäesche Geriichtshaff.

Domadder ass et méiglech, dass de Patron e flexibelen Aarbechtsplang kann opstellen.

Schaffzäiten / Reportage Joel Detaille

Reng theoretesch wier et deemno dran, dass een 12 Deeg um Stéck ka schaffen, wann een den éischte Roudag zum Ufank vun der éischter Aarbechtswoch huele muss, an den nächsten um Enn vun der zweeter Woch.

Huele mer e konkret Beispill: Huet een elo um Dag X fräi, schafft een dono 6 Deeg hannerteneen.
Elo huet een dann nees e fräien Dag ze gutt. Well deen awer net zwéngend muss direkt accordéiert ginn, kéint ee weider 6 Deeg schaffen, an eréischt deen nächste 7. Dag, spréch den 13. Dag fräi hunn. Esou schafft een dann 12 Deeg hannerteneen, an de Patron bleift an der Legalitéit.

Wann esou Fäll bei eis zu Lëtzebuerg éischter seelen de Fall sinn, ass et am Ausland eng gängeg Praxis, jee no Secteur, och wann, dem Geriichtshaff no, ëmmer d’santé au travail fir d’Salariéë muss garantéiert sinn.

Fir d’Riichtere sollt déi Period vu 7 Deeg och just als Referenz-Period ugesi ginn, fir fräi Deeg ze accordéieren.

E Casino-Mataarbechter aus Portugal hat an dëser Affär geklot, well hie munchmol 7 Deeg hannerteneen huet misse schaffen, an fir de jeeweils 7ten Dag Iwwerstonnen gefuerdert hat. Deem sinn d’Riichter deemno awer net nokomm.