EuropaBulgarien huet d'Presidence iwwerholl

E Méindeg huet dat äermste Land an der EU fir 6 Méint d'Presidence vum Rot vun der Europäescher Unioun iwwerholl. Virdrun hat Estland de Virsëtz.

Am nationale Kultur-Palais zu Sofia kommen d'EU-Leadere fir hir Reuniounen zesummen.
Et ass déi éischt Presidence fir Bulgarien zanter dem EU-Bäitrëtt 2007.

Et ass e Land dat, eigentlech net den allerbeschten Image huet an och bannent der EU observéiert gëtt, wéinst Problemer mat organiséierter Kriminalitéit a Korruptioun.

Politesch gesi wäert Sofia den Accent ënner anerem op d'Integratioun vum westleche Balkan leeën - also versichen, den EU-Bäitrëtt vu fréiere Jugoslawien-Staaten an Zukunft méiglech ze maachen.

Fir den Image vu Bulgarien, deem äermsten EU-Land ze verbesseren, sollen zu Sofia Päerdskutschen aus dem Stadbild verschwannen.


Ob dat geléngt, steet natierlech an de Stären, well an der EU ginn et eng Partie aner Chantieren. Notamment d'Asylpolitik, d'Brexit-Negociatiounen a Budget-Froen.

Ee weidere Schwéierpunkt déi nächst 6 Méint wäert d'Migratiouns- an Asylpolitik sinn. Anescht wéi aner ost-europäesch Länner refuséiert Bulgarien de Verdeelungsschlëssel vu Migranten op d'EU-Staaten net. A wëll dowéinst während senger Presidence den Accent op seng Vermëttlerroll leeën. Ënnert anerem och tëscht der EU an der Tierkei. Bulgarien läit direkt un der Tierkei mat enger Grenz vun 259 Kilometer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.