VIDEO: EUSteierpolitik um Pranger

Et war fir déi éischte Kéier, dass d'EU Kommissioun de Sujet vun der aggressiver Steierpolitik vu 7 EU-Memberlänner esou ënnerstrach huet, wéi e Mëttwoch.

Steierpolitik um Pranger (07.03.2018)
Et war fir déi éischte Kéier, dass d'EU Kommissioun de Sujet vun der aggressiver Steierpolitik vu 7 EU-Memberlänner esou ënnerstrach huet, wéi e Mëttwoch.

Den EU-Kommissär Pierre Moscovici huet d’Betribsbesteierung vu Länner, wéi ënnert anerem Lëtzebuerg, der Belsch, Holland an Irland kritiséiert, si géifen d’Fairness an d’Gläichstellung vum Bannemaart ënnergruewen. Membere vun der Lëtzebuerger Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber konnten der EU-Kommissioun hir Approche iwwerdeems net novollzéien, Rulinge wieren hei am Land rar ginn, Lëtzebuerg géif ënnert den aneren EU-Länner keng Ausnam duerstellen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.