EZBDéi europäesch Zentralbank léisst de Leetzëns bei 0%

D'EZB huet de Leetzëns bei 0% belooss an hält um Programm fest, fir bis September fir 30 Milliarden € de Mount Emprunten an aner Wäertpabeieren opzekafen.

D'Banke mussen och weiderhin 0,4% Strofzëns bezuelen, wa se hir Liquiditéiten bei der EZB parken.

Am Statement vun der Zentralbank war trotzdeem erauszehéieren, dass d'EZB d'Mäert lues awer sécher op en Erausklammen aus der ultra-labberer Geldpolitik virbereet.

Et gouf zum Beispill net déi soss üblech Formulatioun, dass een de milliarde-schwéieren Opkafprogramm kéint steigeren, wann d'Kader-Bedéngunge méi schlecht géife ginn.