Iran net zefridde mat Europa Am November wëll den Iran decidéieren, wéi et mam Atomaccord weider geet

Den Iran ass mam europäeschen Engagement bei der Ëmsetzung vum Atomaccord alles anescht wéi zefridden.

© ATTA KENARE / AFP

Däitschland, Frankräich a Groussbritannien géinge politesch Positioune bezéien, amplaz praktesch Schrëtt ze ënnerhuelen, heescht et aus dem Ausseministère vun Teheran.

Wann d'Ofkommes fir d'Europäer wichteg wier, da sollten se sech dëst och eppes kaschte loossen. Europa krit elo nach e puer Méint Zäit, heescht et weider.

Nom Erausklamme vun den USA wëll den Iran am November eng Decisioun huelen, ewéi et et mam Accord weider geet.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.