Regierung a Groussbritannien70 Recommandatioune, fir e Brexit ouni Accord mat der EU

Déi britesch Regierung wëll en Donneschdeg eng Rei Consignen eraus ginn, fir de Fall vun engem Brexit ouni Accord.

© RUSSELL CHEYNE / POOL / AFP

Et solle wéi gesot eng 70 Recommandatioune formuléiert ginn, dat fir Firmen, Bierger an ëffentlech Institutiounen.

En Donneschdeg soll och de Brexit-Minister Dominic Raab am Parlament schwätzen. Hie geet weiderhin dovunner aus, datt et en Ofkomme wäert ginn.

Ee Knackpunkt bei de Verhandlungen ass jo nach ëmmer d'Reegelung op der Grenz tëscht Irland an Nordirland.

Groussbritannien soll de 29. Mäerz 2019 jo vun der EU gescheet ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.