FrontexD'Zuel vun illegale Flüchtlingen am Mëttelmier ass erofgaangen

D'lescht Joer sinn esou mann illegal Flüchtlingen an der europäescher Unioun ukomm, wéi zanter 5 Joer net méi.

© AFP
D'Zuel vun den illegale Flüchtlingen loung zejoert bei 150.000, dat huet déi europäesch Grenzschutz-Agence Frontex e Freideg zu Warschau matgedeelt. Et géife virun allem manner Flüchtlinge versichen iwwert d'Mëttelmier an Italien unzekommen. D'lescht Joer wieren dat nach e bësse méi wéi 23.000 Leit gewiescht. Dat wiere ronn 80 Prozent manner wéi nach dat Joer virdrunner. D'Zuel vun de Mënschen, déi vu Libyen aus versicht hunn an Italien ze flüchten, wier ëm 87 Prozent par Rapport zu 2017 zeréckgaangen. Dofir huet sech d'Zuel awer vun deenen, déi iwwert Spuenien an d'EU wollte flüchten, bal verduebelt. Do waren et 57.000 Mënschen.

Frontex no, wieren ënnert de Flüchtlingen 18 Prozent Fraen, 20 Prozent vun de Migranten hätten uginn ënnert 18 Joer al ze sinn.