Employeur dierf iwwer Voile decidéierenErdogan beschëllegt EU, géint Islam ze schaffen

Den Erdogan huet d'Decisioun vum EUGH, datt den Employeur decidéieren dierf, ob seng Mataarbechter e Voile dierfen undoen oder net, staark kritiséiert.

Kee Voile op der Aarbecht (14.03.2017)
Den Europäesche Geriichtshaff huet decidéiert datt e Patron senge Mataarbechter ka verbidden en Fischi ze droen.

Den Arrêt vum europäesche Geriichtshaff gläicht engem Kräizzuch géint den Islam, dat seet den tierkesche President Erdogan nodeems e Mëttwoch déi europäesch Justiz decidéiert huet, datt een Employeur decidéieren duerf, ob hien op der Aarbechtsplaz d’Droe vum Voile erlaabt oder net. Den Erdogan stellt sech d’Fro vun der Reliounsfräiheet, a beschëllegt d’EU géint den Islam ze schaffen.

EU-Geriichtshaff huet decidéiert: Employeur däerf d'Droe vun engem Voile verbidden

Patrone kënne Mataarbechterinnen ënner Ëmstänn verbidden, den islamesche Voile unzehunn, dat huet den Europäesche Geriichtshaff en Dënschden decidéiert.

Eng intern Regel vun engem Betrib, déi ënner anerem d'Droe vu reliéisen Zeeche verbitt, stellt keng direkt Diskriminatioun duer: Sou huet et den Europäesche Geriichtshaff um Dënschdeg de Moien an engem Uerteel zum sougenannten islamesche Fischi festgehalen.

An engem zweeten Uerteel heescht et iwwerdeems, dass, wa keng sou eng intern Regel besteet, e Client net ka verlaangen, dass eng Fra mat Fischi net méi bei hie schaffe kënnt.

D'Riichter sinn deemno mat hiren zwee Uerteeler de Konklusioune vun der däitscher Avocate générale an der 1. Affär komplett an deene vun der britescher Avocate générale an der zweeter Affär bal ganz nokomm.

An deem 1. Fall muss eng intern Regel virgesi sinn, also d'Verbuet vum Droe vun all reliéisem Zeeche, dat ze gesinn ass, sou de Gilles Despeux, Presseattaché vum Europäesche Geriichtshaff: "Il faut que ce soit une politique de neutralité générale et indifferenciée vis-à-vis des clients... Il faut quand même s'assurer que l'employeur, avant de licencier, est proposé  un poste sans relation direct avec les clients."

Et mussen also eng Relatioun mat Clienten an eng generell intern Politik bestoen, an d'Verbuet vum Droe vu reliéisen Zeeche gëllt deemno och fir z.B. d'kathoulescht Kräiz a fir d'jüddesch Kippa.

Déi zweet Affär war e bëssen anescht gelagert, well een net wéisst, ob de Betrib eng intern Regel hat, déi d'Droe vu reliéisen Zeechen, déi ze gesi sinn, verbueden hat, sot de Gilles Despeux. Wa jo, da wär se d'selwecht ze handhabe wéi déi 1. Affär; wann net, da wär ze kucken, ob d'Entloosse justifizéiert war. An dësem Fall war et sou:

"C'était une femme qui avait décidé de porter le voile surtout lorsqu'elle était détachée de l'entreprise dans une autre entreprise pour faire des opérations de maintenance informatiques. Un jour cette femme est venue avec son foulard sur le site d'un client et le client s'est trouvé indisposé par le port de ce foulard et il a demandé à l'employeur que ne lui soit plus envoyé une femme portant le voile islamique."

"L'entreprise a réagi à la demande du client par un licenciement et ici la cour dit que dans ce cas bien précis, en dehors de tout réglement interne, le souhait d'un client de ne pas voir les services désservis par une femme portant le foulard islamique, ne peut pas justifier un licenciement."

Dem Presseattaché vum Europäesche Geriichtshaff no hunn d'Riichter allerdéngs just Stellung geholl zu deem Fall an zu kengem aneren.


EuGH: Une règle interne d’une entreprise interdisant le port visible de tout signe politique, philosophique ou religieux ne constitue pas une discrimination directe