EU-KommissiounGeldstrofe fir 11 Cargogesellschaften, dorënner Cargolux

Am Ganze soll eng Amende vu 776 Milliounen Euro vun de Cargogesellschafte bezuelt ginn.

D’Europäesch Kommissioun huet e Freideg decidéiert, fir 11 Cargogesellschaften ze sanktionéieren, déi sech bei de Präisser ofgeschwat sollen hunn. Dorënner och d’Cargolux. Schonn 2010 gouf esou eng Decisioun geholl, déi gouf dunn awer vun der europäescher Cour annuléiert, wéinst Feeler an der Prozedur.

Am Ganze soll eng Amende vu 776 Milliounen Euro vun de Cargogesellschafte bezuelt ginn. Fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft hat sech d’Geldstrof 2010 op 79.9 Milliounen Euro belaf.

PDF: De Communiqué vu Cargolux