BrexitDen 29. Mäerz gëtt den Artikel 50 offiziell declenchéiert

Dat huet e Porte-Parole vun der Regierung zu London de Mëtteg matgedeelt.

Den 29. Mäerz ass elo den offiziellen Datum, un deem Groussbritannien den Artikel 50 bei der EU wäert declenchéieren, fir domat d'Brexit-Prozedur ze lancéieren.

Zanter Méint gouf elo op dësen Datum gewaart a London ass domat och op d'Demande vun der EU agaangen, fir bis no dësem Weekend ze waarden, wou zu Roum den 60. Gebuertsdag vun de Réimesche Verträg gefeiert gëtt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.