Franséisch JustizEuropaparlament soll Immunitéit vun Marine Le Pen ophiewen

Déi franséisch Justiz huet d'Europaparlament gefrot fir d'Immunitéit vum Marine Le Pen opzehiewen.

D'Cheffin vum Front National ass jo vun enger Enquête wéinst fiktiven Aarbechtsplaze vu verschiddene parlamentareschen Assistente vum FN zu Stroossbuerg viséiert. D'Untersuchungsriichter hunn hir Demande schonn den 29. an den 30. Mäerz erausgeschéckt, heescht et vun Europe1, déi sech op eng Source beruffen. D'Kandidatin vum rietsextremen FN hat den 10. Mäerz eng Convocatioun virun de Riichter refuséiert a sech op hir parlamentaresch Immunitéit beruff.