Ried zur Lag vun der UniounJuncker: Euro iwwerall an der EU; Bettel: Keng gutt Propose

Grondsazried um Mëttwoch de Moien iwwert den Zoustand vun der Unioun am Europaparlament vum Kommissiounspresident. De Lëtzebuerger Premier huet reagéiert.

Jean-Claude Juncker, un politicien hors norme (11.09.2017)
Portrait du président de la Commission européenne avant sa déclaration sur l'état de l'Union.
De Jean-Claude Juncker huet derfir plädéiert, datt den Euro an all EU-Memberstaat sollt agefouert ginn, also och an de méi aarmen EU-Memberstaaten am Osten. Donieft sollten all d'Memberstaaten dem Schengeraum bäitrieden, an deem et bekanntlech jo keng Grenzkontrolle gëtt.

Europa soll de Wieder vum Kommissiounspresident no och weider wuessen. Bis 2025 kéint d'Europäesch Unioun 30 Memberen hunn.

En EU-Bäitrëtt vun der Tierkei huet de Jean-Claude Juncker awer kloer bis op Weideres ausgeschloss. Journalisten gehéieren an d'Redaktiounen an net an de Prisong, sou déi kloer Wierder vum Kommissiounspresident. Ankara géif sech zanter enger gewëssener Zäit mat rise Schrëtt vun der Europäescher Unioun ewechbeweegen.

Ungarn huet de Kommissiounspresident opgefuerdert d'Uerteeler vum Europäesche Geriichtshaff a Saache Flüchtlingsverdeelung ze respektéieren. Donieft och den Appell u Polen de Rechtsstaat anzehalen. Géint Warschau ass bekanntlech eng Prozedur wéinst Verstéiss géint d'Rechtsstaatlechkeet am Gaang.

De Jean-Claude Juncker wëll dann op de Wee vum franséische President Emmanuel Macron goen, dee sech e permanenten EU-Finanzminister wënscht.

A Saache Migratioun huet de Kommissiounschef fir legal Migratiounsweeër plädéiert. Europa wier keng Festung, mä nach ëmmer e Kontinent vun Hoffnung. Och misst Schluss si mat der skandaléiser Situatioun an de Flüchtlingscampen a Libyen.

Wat de Brexit ugeet, plangt de Jean-Claude Juncker en extraordinäre Sommet den 30. Mäerz 2019, also een Dag nom geplangten offiziellen Austrëtt

Juncker schwätzt sech fir e méi handlungsfäegt Europa aus (13.09.2017)
E Mëttwoch huet de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zu Bréissel seng Ried zur Lag vun der europäescher Union gehalen.


Xavier Bettel: Ried geet laanscht d'Realitéit vun de Bierger 
De Xavier Bettel (13.09.2017)
Reaktiounen op d'Ried iwwert den Zoustand vun der Unioun am Europaparlament vum Kommissiounspresident.


Et ass eng ganz Europa-freedeg Ried, mä se géing laanscht d'Realitéite vun de Bierger goen, dat ass d'Reaktioun vum Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel op dem Jean-Claude Juncker seng Ried zur Lag vun der EU. De Kommissiounspresident huet ënner anerem gefuerdert, den Euro misst d'Währung vun all den EU-Länner sinn. Mä dat wär eng schlecht Propose, seet den Xavier Bettel.

De Xavier Bettel


"Wann déi Länner prett sinn, sinn ech deen éischten, dee seet: OK fir den Euro! Mä ze soen “Plus on est de fous, plus on rit” ass hei mam Euro mat ze ville Konsequenze verbonnen, déi och déi aner erofzéien, dowéinst: Nee! Den Dag, wou déi Länner prett sinn, jo. Am Moment ass dat net de Fall", mengt de Premier.

Och d'Propose, de Schengeraum fir Rumänien a Bulgarien opzemaachen, hält de Staatsminister fir keng gutt Iddi. Déi aktuell Baussegrenze vun der EU géingen elo schonn net fonctionnéieren. An wat ass mat der Iddi vun engem europäesche Wirtschafts- a Finanzminister?

De Xavier Bettel (2)



"Ech sinn e bësse iwwerrascht, dass d‘Kommissioun gären dee Pouvoir hätt. Et ass e Pouvoir, deen d’Länner am Moment hunn. Dat ass den Ecofin", seet de Xavier Bettel, "Et ass eng Saach vun de Staaten, net eng Saach vun der Kommissioun. Ass och laanscht de Realitéiten."   


De Premier hätt et besser gehal, fir nom Brexit an no de ganze Krisen an der EU manner idealistesch un dës Ried erunzegoen, an fir d'éischt eng Introspektioun ze maachen an ze kucken, "wat geet" a wat net, iert ee vu weidere Bäitrëtter a vum "Euro fir all Mënsch" schwätzt.

Aner Reaktiounen
Positiv Reaktioun vum Ausseminister Jean Asselborn. Hie sot um Donneschdeg de Moien am RTL-Interview, dass hien et gutt fënnt, dass déi Spaltung, déi sech annoncéiert tëscht dem Westen an dem Osten, de Kommissiounspresident dat richtegt gemaach huet fir dës z'entkrampfen.

Lëtzebuerg wier och souwisou ëmmer der Meenung gewiescht, dass Rumänien a Bulgarien sou séier wéi méiglech an de Schengen-Raum kommen.

Wat den Eurogrupp betrëfft, wier et fir de Jean Asselborn wichteg, dass Incitatiounen kommen, wéi och Gläichstellunge beim europäeschen Handel.

Den Optimismus, deen de Jean-Claude Juncker verspreet hätt, wier ganz positiv no de ville Wahlen a leschter Zäit an der EU ze gesinn, sou nach den Ausseminister.

Extrait Jean Asselborn



De franséische President Emmanuel Macron huet dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng Ried iwwer Europa  begréisst. Si hätt vill éiergäizeg Proposen Opweises. An den nächste Méint misst elo gehandelt ginn, huet et e Mëttwoch den Owend aus dem Elysée geheescht. Den Emmanuel Macron huet ënnert anerem d'Besteierung vu groussen Entreprisen ervirgestrach. An deem Punkt gëtt et schonn eng gemeinsam Initiativ vu Frankräich, Däitschland, Spuenien an Italien. Via Twitter huet de franséische President matgedeelt, dass hie sech fir dem Jean-Claude Juncker säi Support freet fir Bierger-Versammlungen an der EU ofzehalen.



De Bundesfinanzminister Wolfgang Schäuble gesäit donieft eng Erweiderung vun der Eurozon éischter kritesch. Zwar wier et grondsätzlech gutt, dass de Kommissiounspresident an dëser Fro Drock an Tempo mécht, sou de Schäuble e Mëttwoch den Owend an den ARD-Tagesthemen. D'Beispill Griicheland géif awer weisen, wéi wichteg et fir Länner ass, all d'Critèrë vun der Gemeinschaftswährung ze erfëllen. De Jean-Claude Juncker hat jo a senger Ried zur Lag vun der Unioun dofir plädéiert, d'Eurozon ze vergréisseren. Jiddwer Land, ausser Groussbritannien an Dänemark wieren dem EU-Vertrag dozou verflicht, der Eurozon bäizetrieden, soubal si d'Konditiounen erfëllen. Den Ament sinn 19 vun den 28 EU Staaten Member vun der Währungsunioun.

D'Viviane Reding (13.09.2017)
Reaktiounen op d'Ried iwwert den Zoustand vun der Unioun am Europaparlament vum Kommissiounspresident.


Dem gréngen Europadeputéierten Claude Turmes no ass de Jean-Claude Juncker den héijen Erwaardungen un d'Ried nëmmen zum Deel gerecht ginn. De Claude Turmes ënnerstëtzt de Kommissiounschef ënnert anerem bei der Ëmstellung vun der europäescher Industrie an dem Automobilsecteur an deem sengen Appell fir Steiergerechtegkeet. De gréngen Europadeputéierte seet sech awer enttäuscht, datt Klima-, Ëmwelt- a Landwirtschaftspolitik weider net als Prioritéit ugesi géifen.

De Claude Turmes (13.09.2017)
Reaktiounen op d'Ried iwwert den Zoustand vun der Unioun am Europaparlament vum Kommissiounspresident.


Hei d'Schreiwes vum Claude Turmes:


Rede zur Lage der Union: Mehr Fokus auf Klima-, Umwelt- und Landwirtschaftspolitik

EU-Kommissionspräsident Jean-Claude Juncker hat am heutigen Mittwoch in seiner Rede zur Lage der Union vor dem Europäischen Parlament sein persönliches Zukunftsszenario für die Europäische Union vorgestellt. Hierzu erklärt der grüne Europaabgeordnete Claude Turmes:

 „Im Vorfeld der Rede zur Lage der Union waren die Erwartungen an Jean-Claude Juncker sehr hoch. Diesen Erwartungen ist Jean-Claude Juncker in seiner Erklärung meiner Ansicht nach teilweise gerecht geworden. Juncker hat die Herausforderungen für die EU heute klar benannt: Handel in einer globalisierten Welt, zukunftsorientierte Industriepolitik, Klimawandel, Digitalisierung und Migration. Allerdings ist fraglich, ob die von Juncker vorgeschlagenen Maßnahmen ausreichen werden, um die Trendwende in Europa zu schaffen.

Ich unterstütze den Kommissionspräsidenten, wenn es darum geht, die europäische Industriepolitik und besonders die europäische Automobilindustrie auf Zukunftstechnologien wie Elektromobilität umzustellen. Auch unterstütze ich Junckers Vorschlag einer europäischen Arbeitsmarkt-Aufsichtsbehörde und seinen Appell für mehr Steuergerechtigkeit in Europa.

Allerdings bin ich enttäuscht, dass Klima-, Umwelt- und Landwirtschaftspolitik für Juncker keine Prioritäten zu sein scheinen. Dabei bin ich der festen Überzeugung, dass wir gerade in diesen Bereichen ein konsequentes Umdenken der Europäischen Kommission brauchen, um das Vertrauen der Bürgerinnen und Bürger zurückzugewinnen. Der Mehrwert einer starken Europäischen Union wird besonders deutlich, wenn sie sich an der Seite der Bürger für saubere Luft, Artenvielfalt und gesunde Nahrung einsetzt.“

D'Mady Delvaux-Stehres (13.09.2017)
Reaktiounen op d'Ried iwwert den Zoustand vun der Unioun am Europaparlament vum Kommissiounspresident.


Hei d'Schreiwes vun der LSAP-Europadeputéierte Mady Delvaux-Stehres:

Dans son long discours sur l’Etat de l’Union, Jean-Claude Juncker a présenté aujourd’hui sa vision de l’avenir de l’Union Européenne. Cette vision prône une Union plus unie, plus forte et plus démocratique.

« L'Europe va mieux et il faut profiter de cette fenêtre d’opportunités pour faire avancer l’Union européenne ». Dans ce contexte, il a fait des propositions intéressantes en prenant bien soin de chercher un certain équilibre : il y en avait un peu pour la droite, un peu plus pour la gauche, un encouragement pour les pays de l'est, des éloges pour l'Italie qui a « sauvé l’honneur de l’Europe ». J’espère que la direction vers une Europe plus sociale ne s’arrêtera pas aux mots et sera suivie par des initiatives concrètes.

Ce que je retiens surtout de ce discours, c’est l’incontestable amour pour l’Union et un grand engagement pour renforcer la place de l’Europe dans le monde et le fonctionnement des institutions européennes.

Les propositions énoncées lors du discours susciteront certainement des controverses mais elles auront le mérite d'avoir été mentionnées: le pilier des droits sociaux, un programme commercial européen, un budget plus consistant pour l’Union, un ministre de l’économie et des finances européen, la fusion des postes de président de la Commission et du Conseil, davantage de décisions à majorité qualifiée, de nouvelles règles de financement pour les partis politiques...

En particulier, j’accueille favorablement l’initiative de créer d'ici la fin du mois une task force Timmermans sur la «Subsidiarité et proportionnalité », sujet central pour le fonctionnement de l’UE sur lequel je travaille depuis plusieurs années.

Je salue le rappel de l’urgence de compléter l’Union bancaire et l’encouragement donné à tous les Etats-membres de la rejoindre. Je pense qu’un système financier stable est nécessaire pour servir les intérêts de nos citoyens. De même, je soutiens la réaffirmation de la vocation de l’euro à devenir la monnaie unique de toute l’Union. J’appuie la proposition assurant plus de soutien aux États qui se préparent à rejoindre la zone euro.

Je constate avec joie que le domaine digital est une priorité pour la Commission. Il me parait primordial de répondre à l’échelle européenne aux défis de l’ère numérique. Ainsi, je soutiens la création d’une Agence européenne de cybersécurité. J’aurais aimé que la Commission se penche également sur les problématiques posées par le développement de la robotique.

Après avoir présenté les 5 scénarios en mars de cette année, Jean-Claude Juncker a aujourd’hui affirmé « L’Union européenne m’a fait traverser des hauts et des bas mais je n’ai jamais perdu l’amour pour l’Europe ». Il a ainsi élaboré son propre scénario pour le futur de l’Union européenne: une Europe de la liberté, une Europe de l’égalité et une Europe de l’état de droit.

Ce fut un grand moment d’optimisme pour moi au Parlement européen. Ainsi, même le 30 mars 2019, triste moment où le Royaume-Uni quittera l’Union européenne, j’ai moi aussi l’espoir que ce jour pourra être un jour de relance et de cohésion entre les 27 États membres restants.

De Charel Goerens (13.09.2017)
Reaktiounen op d'Ried iwwert den Zoustand vun der Unioun am Europaparlament vum Kommissiounspresident.


Hei d'Schreiwes vum CSV-Generalsekretariat:

„Leinen los“ für das europäische Schiff

CSV begrüßt Juncker-Aufruf zum Weiterbau des Europäischen Hauses im Sinne der Bürger

 Die CSV unterstützt den kühnen Aufruf von EU-Kommissionspräsident Jean-Claude Juncker zum Weiterbau eines stärkeren und vereinteren Europäischen Hauses bei seiner Rede zur Lage der Union am Mittwoch im Europäischen Parlament. Wie Juncker will auch die Europapartei CSV die Leinen des europäischen Schiffes losmachen und die Winde der Stunde Europas nutzen. Juncker ist zuzustimmen, dass es dabei nicht in erster Linie um neue Verträge geht, sondern um mehr Freiheit, mehr Wohlstand, mehr Sicherheit, mehr Gleichberechtigung, mehr Arbeit für die Bürger Europas, mehr Solidarität nach innen und nach außen. Und auch um mehr Demokratie und weniger Bürokratie. Kurzum: es geht uns um ein menschengerechteres Europa mit sozialen Mindestsockeln, um die Fertigstellung des Binnenmarktes, um eine europäische Verteidigungsunion, um eine gemeinsame EU-Stimme in der Welt.

In der EU-Zukunftsdebatte teilt die CSV die von Juncker definierten drei großen Prinzipien der Freiheit, der Gleichberechtigung von Staaten und Bürger sowie der unteilbaren Rechtsstaatlichkeit in Europa. Diese Rechtsstaatlichkeit gilt auch für alle EU-Beitrittskandidaten. Auch für die Türkei, die gegenwärtig nicht beitrittsfähig ist. Ein Zweiklassen-Europa ist zudem in keinem Bereich hinzunehmen. Auch wir plädieren für gleichen Lohn für gleiche Arbeit am gleichen Ort. Konkret begrüßt die CSV den Vorschlag eines gemeinsamen Präsidenten des Europäischen Rates und der Kommission. Gleiches gilt für das Amt eines EU-Wirtschafts- und Finanzministers. Allerdings ohne Parallelstrukturen. Europa braucht sowohl nach innen als auch nach außen ein Gesicht. Nur so kann es auch mit einer Stimme sprechen. Wir unterstützen ferner den Vorschlag, dass sowohl der Schengen-Raum als auch die Eurozone zur EU-Norm werden sollen. In Zeiten des Terrorismus ist auch der von Juncker geforderte bessere Datenaustausch zwischen den Sicherheitsdiensten zielführend. Zudem befürwortet die CSV mehr Mittel für den EU-Haushalt. Effizienz gibt es nicht zum Nulltarif.

Aktiv beteiligen will sich die CSV auch an der von Frankreichs Präsident Emmanuel Macron vorgeschlagenen und von Juncker aufgegriffenen großen Debatte über die Zukunft der EU in 2018. Für die CSV muss die EU weiter zu einer Union der Europäer werden. Vor allem für junge Europäer muss Europa wieder zu einer Union der Hoffnung, der menschlichen Größe, der Herzen und der Köpfe werden. Wir werden Präsident Jean-Claude Juncker und seine Kommission, die bislang hervorragende Resultate für die Bürger Europas geliefert hat,  auch in Zukunft tatkräftig bei ihrer Arbeit im Interesse aller Europäer unterstützen.

Juncker-Ried bei Majoritéit vun EU-Deputéierte gutt ukomm (13.09.2017)
E Mëttwoch de Moien huet de Kommissiounspresident seng Ried iwwert den Zoustand vun der Unioun am Europaparlament gehalen.


Wat halen d'Schüler aus dem Schengener Lycée vun der Ried?

D'Viviane Reding (13.09.2017)
Reaktiounen op d'Ried iwwert den Zoustand vun der Unioun am Europaparlament vum Kommissiounspresident.


Net nëmmen d'Politiker hunn dem Jean-Claude Juncker seng Ried kommentéiert. Och Schüler aus dem Schengener Lycée. Dräi Klasse waren um Mëttwoch de Moien an d'Representatioun vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg invitéiert ginn. Do hu si dem Jean-Claude Juncker seng Ried zu der Lag vun der Unioun live matverfollegt.

Duerno hu si an Aarbechtsgruppen iwwer divers Sujete wéi Demokratie, Migratioun, Europäesch Aussepolitik an Sécherheet am Internet diskutéiert. Aus deene Diskussioune war erauszeliesen, dass déi Jonk sech Suerge maachen. Ungarn, zum Beispill, refuséiert den europäeschen Ëmverdeelungssystem fir Refugiéen. Dobäi kéimen déi dacks medioker Konditiounen an de Flüchtlingscampen, virun allem an Afrika. D'Solidaritéit feelt deene Jonken.

Eis Kollege vum 5minutes hunn am Virfeld vun der Ried e flotte Video-Portrait vum EU-Kommisiounspresident publizéiert.

Jean-Claude Juncker, un politicien hors norme (11.09.2017)
Portrait du président de la Commission européenne avant sa déclaration sur l'état de l'Union.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.