VIDEO: Roaming an der Vakanz"Roam like at home": 20% méi telefonéiert, 8 Mol méi gesurft

Zanter dësem Summer heescht et an der europäescher Unioun “Roam like at home”.

Den éischten Summer ouni Roaming (19.09.2017)
Zanter dësem Summer heescht et an der europäescher Unioun “Roam like at home”.

Hunn d'Lëtzebuerger vill dovunner profitéiert? A wei ginn d'Provider matt dëser Situatioun em?

Dat bedeit, datt een am europäeschen Ausland ënnert deenen selwechte Konditiounen wéi hei am Land kann telefonéieren, op den Internet goen an SMSen schécken. Fir d’Provider fält domat en décke Batz Suen ewech. Obschonn de Konsum vun de Leit an d'Luucht geet, kann dëst net d'Perte opfänken. Et missten also nei Servicer proposéiert ginn.

Et wäert sech weisen, wat fir nei Servicer d’Provider an Zukunft wäerte proposéieren, fir hir Perte ze kompenséieren. Zu Mallorca hu mir mat Touristen geschwat, wéi si hir Gewunnechten mam Handy geännert hunn. D’Leit hunn am Verglach zum Joer virdrun 15-20 Prozent méi telefonéiert. An hunn 8mol méi gesurft. Punkto Roaming ginn et an Europa awer ëmmer nach en puer Ausnamen, zum Beispill um oppenen Mier oder zu Monaco.

E bëssen oppassen ass also och weider net verkéiert. Fir op Nummer sécher ze goen, soll ee sech einfach bei sengem Provider informéieren. Da steet engem um Enn vun der Vakanz och keng béis Iwwerraschung an d’Haus.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.