EU-KommissiounFinanzopsiicht an der EU soll verbessert ginn

Déi entspriechend europäesch Autoritéite solle méi Afloss bei der Kontroll vun de Banken, Finanzmarchéen, Assurancen a Pensioune kréien.

Di europäesch Wäertpabeier- a Marchésopsiicht ESMA zu Paräis soll ausserdeem eng direkt Supervisioun vu spezifesche Finanzmarchéen iwwerhuelen, der Lëtzebuerger Bankenopsiicht CSSF kéinten doduerch eng Rei Kompetenze verluer goen. Wat genau an Zukunft um Finanzstanduert Lëtzebuerg op EU-Niveau kontrolléiert gëtt, ass de Moment allerdéngs nach schwéier ofzegesinn, ausserdeem wier de Projet nach an engem ganz fréie Status, heescht et aus Finanzkreesser.