Presidence vum EurogruppFinanzminister Pierre Gramegna huet Interessi um Posten

De Pierre Gramegna huet e Mëttwoch am Mëttesjournal confirméiert, datt hien Interessi um Presidenteposten vum Eurogroupe huet.

© afp
Hie géif bereet stoen fir am Januar Successeur vum Hollänner Jeroen Dijsselbloem ze ginn, wa sech e Konsens tëscht den anere Finanzministeren aus den Eurolänner géif erausschielen. De Poste vum Eurogroupechef wier kompatibel mat der Funktioun vum Finanzminister. Et muss ee souguer Finanzminister sinn sou laang et kee permanente Finanzminister an der Europäescher Unioun gëtt. Dat wier awer zu dësem Zäitpunkt nach Zukunftsmusek.

De Pierre Gramegna am Interview mam Ben Frin


Den aktuelle Chef vum Eurogroupe Jeroen Dijsselbloem hat Uganks der Woch d’Enn vu senger politescher Carrière annoncéiert,  well e säin aktuelle Ministerposten an Holland verléiert. Den Hollänner stoung zanter Januar 2013 un der Spëtzt vun den Eurofinanzministeren a mécht säi Mandat elo just nach fäerdeg. Nieft dem Pierre Gramegna huet och de franséische Finanzminister Bruno le Maire de Fanger ausgestreckt. Offiziell Kandidaturen gi bis November erwaart. E Successeur soll am Eurogroupe de 4. Dezember gewielt ginn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.