BréisselToxesch Produiten am Conseilsgebai - 5 Persounen am Spidol

Wéinst toxesche Produiten huet missten d’Conseilsgebai um Schumann zu Bréissel evakuéiert ginn. Iwwert déi genee Ëmstänn ass nach net vill gewosst.

Déi eng Sourcë schwätze vun engem geféierlechen Damp, deen duerch d’Ventilatioun an d’Kiche vum Gebai geroden ass, anerer dogéint vu Produiten, déi an der Kiche matenee vermëscht goufen.

5 vun 13 Persounen hunn nom Virfall missten an d’Spidol bruecht ginn. D’Europagebai, wou och Reunioune vum Conseil ofgehale ginn, gouf virleefeg evakuéiert. Eng interne Enquête gouf lancéiert.