Britesch FinanzplazBrexit kéint op ee Coup eng 10.000 Aarbechtsplaze kaschten

De Brexit kéint op ee Coup eng 10.000 Leit op der britescher Finanzplaz den Job kaschten, dat schätzt d'Bank of England, also déi britesch Zentralbank.

© AFP

Dës Aarbechtsplaze géifen dann un aner Länner verluer goen.

Wann een awer lo d'Gréisst vum britesche Finanzsecteur géing kucken, wier hei Rieds vu manner wéi engem Prozent.
Laangfristeg kéinten awer bis zu 75.000 Plaze verluer goen, heescht et weider vun der Bank of England.