Berodungen zu BréisselD'Kommandostruktur vun der NATO soll iwwerschafft ginn

Fir besser kënnen op Menacen ze reagéieren, soll d'Kommandostruktur vun der NATO iwwerschafft ginn.

© AFP

D'NATO-Verdeedegungsminister beroden e Mëttwoch zu Bréissel iwwer weider Reforme vun der Militärallianz. Geplangt ass een neie Logistik-Kommando, fir d'Truppe méi séier bannent Europa kënnen ze deplacéieren, souwéi eng méi staark Ofwier vu Cyberattacken. Donieft ass och eng Renconter mat der Internationaler Koalitioun géint d'Dschihadistemiliz vum sougenannten Islamesche Staat geplangt.

E Mëttwoch den Owend da beroden d'Ministeren zesumme mat der EU-Diplomatiechefin Federica Mogherini ënnert anerem iwwert den Nordkorea-Konflikt. Ee weidere Punkt um Ordre du Jour muer ass eng Opstockung vum NATO-Kontingent am Afghanistan. E soll ëm ronn 3.000 op ongeféier 16.000 Zaldoten erhéicht ginn.