GlyphosatNach ëmmer keng Decisioun ëm Verlängerung vun Autorisatioun

D'Memberstaate vun der EU si sech en Donneschdeg op en Neits net eens gi wat d'Verlängerung vun der Autorisatioun fir d'Planzeschutzmëttel Glyphosat ugeet.

© AFP

Beim Vote deen um Donneschdeg zu Bréissel war, gouf et keng qualifizéiert Majoritéit am zoustännege Gremium.

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen hat schonn am Virfeld annoncéiert, datt Lëtzebuerg zu Bréissel géint eng Verlängerung vun der Lizenz vu fënnef Joer géing stëmmen.

Keng Decisioun ronderëm de Glyphosat / Reportage Dany Rasqué



Domadder ass et dann och esou gaangen, wéi de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen et en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview virausgesot huet. Elo bleift nach eng Méiglechkeet, ier d'Kommissioun duerchgräift. Dat Ganzt geet elo nämlech virun de Comité d'Appell, hei soll de 27. oder 28. November eng Reunioun sinn. Do gëtt da gekuckt, ob ee Memberstat d'Meenung geännert huet. Dem Fernand Etgen no ass awer net dovunner auszegoen, sou dass dann d'Kommissioun eng Decisioun muss huelen.

Déi huet am Fong zwou Méiglechkeeten. Entweder si hëlt keng Decisioun an d'Autorisatioun vum Glyphosat leeft de 15. Dezember aus oder si hëlt eng zu Gonschte vum Planzeschutzmëttel an dës lëscht Optioun ass déi, déi am wahrscheinlechsten ass. D'Kommissioun kéint dann d'Autorisatioun ëm 5 weider Joer verlängeren oder awer och ëm 10 Joer, dat ass méiglech, well de Vote viru 14 Deeg méi eng grouss Majoritéit hat, wéi deen en Donneschdeg de Moien, sou de Fernand Etgen.

Alles an allem also keng gutt Viraussetzunge fir d'Géigner vum Glyphosat.

Nächst a wahrscheinlech lescht Geleeënheet fir d'Memberlänner en Accord ze fannen, ass wéi gesot an 3 Wochen.

RTL NEWS: Fernand Etgen am Interview - Och Lëtzebuerg seet Nee zu 5 Joer Iwwergankszäit




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.