BrexitEU wëll Enn vu Brexit-Iwwergangs-Phas 2020

D'EU-Staate si sech eens ginn iwwert d'Viraussetzunge fir d'Iwwergangsphas, déi vu London gewënscht gëtt.

De Brexit ass am Mäerz 2019. Duerno kënnt eng Iwwergangsphas bis Enn 2020, also vu manner wéi zwee Joer.

An där Zäit soll Groussbritannien bei EU-Decisioune kee Matsproocherecht hunn. London muss sech awer während där Phase un all d'EU-Reegelen halen, och un déi, déi nei decidéiert ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.