VIDEO: Serie ECRI vum Europa-RotNo Hate Speech – respektvollen Ëmgang !

Reegelméisseg mussen hei am Land Leit, déi op de soziale Reseauen Haassriede schreiwen, sech viru Gericht veräntwerten.

No Hate Speech – respektvollen Ëmgang ! (16.02.2018)
Reegelméisseg mussen hei am Land Leit, déi op de soziale Reseauen Haassriede schreiwen, sech viru Gericht veräntwerten.
D'ECRI, d’europäesch Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz huet an hirem leschte Rapport d'Efforte vu Lëtzebuerg an deem Kontext begréisst. Et ginn awer nach Verbesserungsméiglechkeeten.

Och Bee Secure hat virun 2 Joer bei der Campagne vum Europarot, dem No-Hate-Speech-Movement matgemaach. Pro Joer gi si eng 900 Mol an d'Lycéeë fir iwwert de Respekt am Internet, a wéi een am Internet kommunizéiere soll, ze schwätzen.  

De Lycée Belval wëll an deem Kontext ganz geziilt eng Kultur vu Respekt an der Schoul fërderen.

An dësem Workshop kréien d’Schüler Sätz a mussen dann entscheeden tëschent Haassried oder Meenungsfräiheet.

Zu Lëtzebuerg hätte mir och eng gutt ekonomesch Situatioun, esou de President vun der ECRI. A Länner wou dat net Fall ass, wäre verbal Transgressioune méi heefeg. Et misst ee vu klengem u léieren, dass et vill Mënschen op dëser Welt gëtt, déi verschidde Meenungen hunn. A wann ee matenee schwätzt, soll een dat op eng friddlech, respektvoll a gewaltlos Aart a Weis maachen. Gëtt een online aggresséiert, soll ee reagéieren an zwar mat Argumenter.

D'ECRI recommandéiert de Lëtzebuerger Autoritéiten d'Medien z'encouragéieren, fir Mesurë géint Haassrieden um Internet z'elaboréieren an dass de Conseil de Presse sech zum Beispill och selwer saiséiere kéint.

Bei Bee Secure hu si e Service, d'Bee Secure-Stopline, wou een illegale Contenu ka mellen. Déi Saache ginn dann iwwerpréift an ënner Ëmstänn un d'Autoritéite weidergeleet.

Am Juli organiséiert de Lycée Belval fir d'zweete Kéier hire "Youmewe-Festival", en intergenerationellen an inklusive Projet fir  Oppenheet, Echange a sozial Kohesioun ze fërderen , dee beschte Schutz géint verbal Transgressiounen.

Bau vun engem Haus fir Mënscherechter zu Lëtzebuerg
Bau vun engem Haus fir Mënscherechter zu Lëtzebuerg (15.02.2018)
Dat géif zu enger besserer Kooperatioun tëscht all de concernéierten Acteuren féieren.

Dat géif zu enger besserer Kooperatioun tëscht all de concernéierten Acteuren féieren.

D'europäesch Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz vum Europa-Rot huet an hirem leschte Länner-Rapport iwwer Lëtzebuerg, de Bau vun enger "Maison des droits de l'homme" begréisst. Dat géif zu enger besserer Kooperatioun tëscht all de concernéierten Acteuren féieren. D'Kommissioun recommandéiert allerdéngs och méi Pouvoire fir de "Centre pour l'Egalité de traitment".

Et war de Wonsch vun der Regierung e kloert Signal ze setzen, dass d'Mënscherechter an dësem Land wichteg sinn, esou de Gilbert Pregno.

Wann d’ECRI och de Bau vun der "Maison des droits de l’homme" begréisst, geet d’Kommissioun an hire Recommandatiounen, wat d’Attributioune vum "Centre pour l’égalité de traitement" ugeet, méi wäit. 

De Budget vum CET si pro Joer 88 Dausend Euro. An anere Länner vertrieden CETen Diskriminatiouns-Affer och viru Geriicht.  Allerdéngs kéim net all Dossier, esou d'Directrice vum CET, viru Geriicht. En Tri géif gemaach ginn, fir déi Fäll erauszesichen, déi Jurisprudenzen kéinten erbäiféieren an déi richtungsweisend wären.

D'Affer vun Diskriminatiounen hunn op alle Fall vun deem nächste Januar un op der Areler Strooss eng eenzeg Adress als Ulafstell fir hir Froen.

Transgender: e Gesetz zu Lëtzebuerg um Instanzewee
Transgender: e Gesetz zu Lëtzebuerg um Instanzewee (14.02.2018)
Transgender ass d'Bezeechnung fir e Mënsch, deem eng Geschlechtsidentitéit oder Roll vun deem Geschlecht ofwäicht, mat deem hien op d'Welt koum.

Transgender ass d'Bezeechnung fir e Mënsch, deem eng Geschlechtsidentitéit oder Roll vun deem Geschlecht ofwäicht, mat deem hien op d'Welt koum.

D'ECRI, d'Europäesche Kommissioun géint Rassismus a Intoleranz huet an hirem leschte Rapport sech mam Thema Transgender bei eis am Land befaasst an de Lëtzebuerger Autoritéiten recommandéiert, e Gesetz unzehuelen, fir dass ee säin Numm kann änneren a fir d'Unerkennung vun Transgender Persounen. D'Lëtzebuerger Regierung huet och an deem Sënn gehandelt, e Gesetz ass um Instanzewee.

An der Cinemathéik gouf viru kuerzem am Kader vun enger formation continue vum IFEN, vum Institut de Formation de l’Education Nationale, den Documentaire "Mädchenseele" gewisen, iwwert dat 7-Jähregt Nori.

Fir d'Nori ass et kloer. Hat ass e Meedchen, well hat d'Séil vun engem Meedchen huet, dat awer am Kierper vun engem Jong.  

Et wär e schläichende Prozess gewiescht. An Däitschland konnt d'Nori als Meedchen ageschoult ginn, op Grond vun engem Ergänzungsausweis. D’Kanner an der Schoul kennen hat net anescht.

D'Lëtzebuerger Regierung huet d’Deklaratioune vun IDAHO ënnerschriwwen. All d'Mënschen hunn d'Recht hir Mënscherechter voll auszeliewen, onofhängeg vun hirer sexueller Orientatioun an der Identitéit vun hirem Genre. An deem Kontext huet d'Regierung am Mee d'lescht Joer e Gesetzesprojet ausgeschafft, fir d'Mentioun vum Sex an de Virnumm am état civil kënnen ze änneren duerch eng ganz einfach Prozedur.

Wann d’Gesetz bis gestëmmt ass, geet et, dass d'Leit an engem Bréif un de Justizminister erklären, dass si déi dauerhaft, konstant an intim Konviktioun hunn am falsche Geschlecht op den Dokumenter ausgewise ginn.  Bei de betraffene Persoune wäert dat neit Gesetz Entlaaschtung bréngen, esou den Dr. Erik Schneider.

Als Erwuessenen kann een d’Prozedur entaméieren, awer och schonn d’Eltere vu Kanner vum 5. Joer un. D'Zil vum neie Gesetz ass kloer:.

D'ECRI, d'Europäesch Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz wäert och nach emol e Suivi vun hirer Recommandatioun a Punkto Transgender-Persoune maachen. Viruerteeler ofbauen, wär hei essentiell.

Am Moment läit den neie Gesetzestext beim Staatsrot. Ee kéint also nach dës Legislaturperiod gestëmmt ginn. A wie mengt, et wär einfach fir d'Elteren vun Trans-Kanner, deen iert sech.

Nationalen Aktiounsplang fir Integratioun: Wéini?
Nationalen Aktiounsplang fir Integratioun: Wéini ? (13.02.2018)
D'Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz vum Europarot analyséiert d'Situatioun vun de Mënscherechter an alle 47 Memberstaaten a gëtt Recommandatiounen.

D'ECRI, europäesch Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz vum Europarot, analyséiert d'Situatioun vun de Mënscherechter an alle 47 Memberstaaten.

Zwou dovu kréien elo zu Lëtzebuerg e Suivi. D'Unerkennung vun den Transgender-Persounen an och de "Plan d'Action National d'Intégration". Bis 2014 hat Lëtzebuerg en nationalen Integratiouns-Plang. Eng nei Oplag soll kommen, dat ass awer bis elo net geschitt. En Zoustand, dee vum Europa-Rot bemängelt gëtt. D'Nathalie Reuter huet  beim Olai, beim "Office Luxembourgeois de l'Accueil et de l'intégration" nogefrot, wou dee Plang drun ass.

Wéinst deem massive Flux u Flüchtlingen op Lëtzebuerg koum d’Regierung a Retard mat deem neien nationalen Integratiouns-Plang. Et gouf zwee Joer ofgewaart, fir ze kucken, wat op si géif duerkommen.

Zënter September kënnt elo en interministeriellen Aarbechtsgrupp op Initiative vun der Regierung zesummen, fir den neie PAN,  Plan d'Intergration National Pluriannuel d'Integration et de lutte contre les discriminations, auszeschaffen.

D’Thema vun dëser Sessioun: Employabilitéit, wéi kann een d'Leit staark maachen, dass si och eng Plaz um Aarbechtsmaart kréien.

Et ass net esou, wéi wann et aktuell keng Instrumenter géife ginn. De PIA, de "Parcours d’Integration Accompagnée" mat obligatoreschen Integratiouns-Coursë fir Demandeurs de Protection Internationale huet zwee Axen.

D'Aarbecht aus dësem Aarbechtsgrupp fléisst an de PAN mat an, iwwert deen da breet consultéiert gëtt.

Fir d’ECRI ass kloer, wat alles an den neien Integratiouns-Plang muss erakommen.

Fir de Jean-Paul Lehners ass Gebuergenheet e wichtegt Wuert, wann een an enger Gesellschaft wëll zesummeliewen. Integratioun beschränkt sech an deem Sënn och net nëmmen op Flüchtlingen, mee op déi ganz Gesellschaft.

Géint Rassismus an Intoleranz: e Lëtzebuerger am Europa-Rot

Jean-Paul Lehners ass zanter dem 1. Januar President (12.02.2018)
Zanter dem éischte Januar huet d'Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz vum Europa-Rot e Lëtzebuerger President, de Jean-Paul Lehners.

Zanter dem éischte Januar huet d'ECRI, europäesch Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz vum Europa-Rot e Lëtzebuerger President, de Jean-Paul Lehners.

Den Europa-Rot gëtt dacks mam Europäesche Rot oder der Europäescher Kommissioun verwiesselt, huet awer direkt näischt domadder ze dinn. De Conseil de l'Europe zielt 47 Member-Staaten. Seng Missioun ass Demokratie an Europa ze promovéieren, Mënscherechter an de Rechtsstaat an Europa ze protegéieren. D'Nathalie Reuter war zu Stroossbuerg an huet sech mam Jean-Paul Lehners iwwert d'Aufgabe vun der Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz ënnerhal.

Zënter dem éischte Januar ass de Lëtzebuergeschen Historiker a Mënscherechtsexpert, Jean-Paul Lehners, President vun där Kommissioun. Hien ass och Professer vun der Unesco-Chaire vun de Mënscherechter op der Uni Lëtzebuerg a Vice-President vun der humanitärer ONG, CARE. D'Missioun vun der Kommissioun: d'Protektioun vun de Mënscherechter, wéi se an der Europäescher Mënscherechtskonventioun festgehale sinn.

De Bureau vun der ECRI kënnt zesummen, fir d'Plenière ze preparéieren an iwwert Themen ze schwätzen, déi dat Joer behandelt ginn. A 47 Länner mécht d'ECRI Lännerrapporten. 2 Rapporteure féiere Gespréicher mat Ministèren, mat Institutiounen, déi sech mat Mënscherechter beschäftegen a mat ONGen.

Zwou vun de 14 Recommandatioune vum lescht Monitoring-Zyklus solle vun der Lëtzebuerger Regierung prioritär behandelt ginn: d'Ëmsetzung vun engem nationalen Aktiounsplang fir Integratioun an och d'Adoptioun vun engem spezielle Gesetz fir d'Unerkennung vun Transgender-Persounen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.