Reaktioun op TrumpEU-Taxen op Bourbon-Whiskey, Harley Davidson a Levi's-Jeans?

Nodeems den Donald Trump jo elo eescht mécht mat Taxen op Importer, schafft d'Europäesch Unioun u Géigemesuren a viséiert typesch amerikanesch Produiten.

"An der Maach si Stroftaxen op Bourbon-Whiskey, Harley-Davidson-Motorrieder a Levi's-Jeans", esou den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker e Freideg. D'EU wéilt op alle Fall net nokucken, wann Entreprisen an Aarbechtsplazen an der Unioun menacéiert sinn.

Et bräicht een dofir eng Handelspolitik, déi sech ze verdeedege kann: "Mir sinn net naiv", esou de Jean-Claude Juncker weider.

Säi Stellvertrieder Jyrki Katainen huet awer d'Hoffnung geäussert, datt een en Handelskrich mat den USA awer nach evitéiert kritt. Dofir géif et och nach Zäit, well den US-President hätt nach keng Ënnerschrëft ënnert Stroftaxe gesat.




Den Donald Trump hat jo ugekënnegt, héich Stroftaxen op Stol- an Aluminium-Importer ze setzen: +25% beim Stol a +10% beim Aluminium. Fir US-Entreprisë viru Konkurrenz ze schützen.

Dem EU-Kommissiounsvizepresident Katainen no géif et awer bei engem Handelskrich just Verléierer, ma d'EU géif keng eesäiteg Handlunge géint d'Unioun an de Rescht vun der Welt akzeptéieren. D'Mesuren, déi d'EU an der Maach huet, géifen dann och de Reegele vun der Welthandelsorganisatioun WTO entspriechen.

Op Twitter huet den US-President seng vill kritiséiert Approche gerechtfäerdegt: Et misst een déi eege Wirtschaft protegéieren, den Handelsdefizit wier ze grouss an dofir géifen Handelskricher Sënn maachen a wieren och einfach ze gewannen ...










... déi Aussoe huet dem Katainen d'Sprooch verschloen, wéi den EU-Kommissiounsvizepresident selwer getwittert huet.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.