2 WochenD'EU-Kommissioun huet elo en Ultimatum u Facebook gestallt

Dat soziaalt Netzwierk krut zwou Wochen Zäit fir de Rôle vun der Societéit "Cambridge Analytica" z'erklären.

Et geet drëm ze klären, ob dës privat Date vu méi ewéi 50 Millioune Facebook-User fir de Wahlkampf vum Donald Trump benotzt huet.

De Chef vu Facebook wëll virum amerikanesche Kongress aussoen
Wéi CNN mellt, wier de Konzern am Gaangen un enger Strategie fir d'Ausso vum Mark Zuckerberg ze schaffen. D'Noriichtenagence Bloomberg huet geschriwwen, dass hie wahrscheinlech der Energie- an Handelskommissioun vum Representantenhaus wëll Ried an Äntwert stoen. Als Datum gouf den 12. Abrëll genannt. D'Agence Bloomberg huet sech dobäi op e Vertrieder vum Kongress beruff. Eng Porte Parole vun der Kommissioun sot allerdéngs, dass des Informatioune falsch wieren. Et wier een am Gaange mat Facebook ze kucken, fir en Datum fir d'Ausso vum Mark Zuckerberg ze fixéieren.