Bilan Europäesche GeriichtshaffZefridde Gesiichter queesch duerch d’Reien

De Méindeg de Moien huet den europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg, dat heescht esouwuel d’Cour wéi och den Tribunal, de Bilan vun zejoert gezunn.

© Nadine Gautier
Fir eng Kéier ganz kuerz ee Bléck iwwert d'Haaptzuelen ze geheien: op der Cour goufen zejoert 699 Affäre clôturéiert, um Tribunal waren et der 895. An och d'Dauer vun de Prozedure geet erof. An der Moyenne ginn, fir eng Affär zu Enn ze bréngen, 16,3 Méint um Tribunal gebraucht. Op der Cour läit d'Moyenne do bei 15,7 Méint. Fir nach méi effikass ze schaffen, gouf virun e puer Joer eng Reform ugestouss. D'Zuel vun de Riichter soll signifikativ erhéicht ginn a bei 56 leien, dat heescht d'Zuel soll sech verduebelen an all Land soll zwee Riichter stellen.

Europäesche Geriichtshaff/Reportage Nadine Gautier



D'nächst Joer soll dës Reform ofgeschloss ginn, esou de President vun der Cour, de François Biltgen, an de President vum Tribunal, de Marc Jaeger. Par Rapport zu der Cour schafft d'Tribunal zum Beispill d'Pourvoien, déi op d'Cour geschéckt ginn, op. Et gëtt vill un den "Elements de Faits" geschafft, wat eng Heeden-Aarbecht mat sech bréngt. D'Reform ass deemno néideg. De François Biltgen huet erzielt, dass dacks 3 Riichter no sou Affäre gekuckt hunn an et wier wichteg, dass déi sech kéinten Zäit huelen, fir dës Affären uerdentlech ze jugéieren.

912 Affaires pendantes goufen d'lescht Joer op der Cour gezielt, heescht Affären, déi nach net ofgeschloss sinn. D'Cour hat deemno och genuch ze dinn, 699 Affäre goufen ofgeschloss. Fir d'Cour z'entlaaschten, gouf d'Tribunal 1989 gegrënnt. Elo mat der Reform wäert dës Roll nach emol op en duerkommen. Et misst een also kucken, wat ee maach kéint, fir d'Cour ze entlaaschten an do géif et zwou Piste ginn. Déi eng wier déi, fir ze soen, déi Recours en Manquement, déi géint ee Staat kommen, géingen op den Tribunal iwwerdroe ginn.

Déi aner Piste wier déi vun den Appellen géint d'Decisioune vum Tribunal. Do misst ee kucken, wéi een d'Affären, déi keng grouss Envergure hunn, kéint sortéieren an traitéieren. Déi Dossiere wieren nämlech och mat vill Aarbecht an Energie verbonnen, esou de François Biltgen.

D'nächst Joer sollen nach eemol 8 oder 9 Riichter um Tribunal dobäikommen. Dat heescht awer net, datt esou automatesch d'Prozedurdauer erofgeet. De Marc Jaeger, President vum Tribunal ënnersträicht, dass den Traitement vun enger Affär noutgedrongen en Délais minimum brauch.

Eng Inconnu bleift awer wéinst dem Brexit, wat d'Reform ugeet. Et géif sech nämlech d'Fro vun de britesche Riichter stellen, wéi laang déi dem europäesche Geriichtshaff nach erhale bleiwen.

Dat nächst Joer am Juni soll dann och den drëtten Tuerm vum Geriichtshaff inauguréiert ginn.

Iwwregens hunn d'Bierger deemnächst nees d'Chance den europäesche Geriichtshaff emol vu bannen ze gesinn. De 5. Mee huet d'Institutioun nees hir Diere fir de breede Public op.

© Nadine Gautier


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.