Medien noEU-Kommissioun wëllt Geschir aus Plastik an Zukunft verbidden

Wéi d’Wirtschaftswoche um Dënschdeg schreift, wier Bréissel am gaangen un engem Entworf, fir esou eng Richtlinn ze schaffen.

© AFP (Archiv)

D’EU-Kommissioun wëllt Schallimoen, Läffelsgeschir a Geschir aus Plastik verbidden. Den 23. Mee soll een Entworf fir esou eng Richtlinn virgeluecht ginn. Domadder soll de Plastik an der Ëmwelt reduzéiert ginn.

Schonn e Mëttwoch soll den EU-Kommissar Günther Oettinger eng Steier op Plastik virstellen.

D’EU-Kommissioun huet ee Verbuet net wollte kommentéieren. Et géif ee just mat der Iddi spillen, huet Bréissel gemengt.

D'EU-Kommissioun hat esou e Verbuet schonn an hirer Plastik-Strategie am Februar ugekënnegt. Eenzel Memberstaate wéi Frankräich, Groussbritannien an Irland schaffe schonn un esou engem nationale Verbuet.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.