EUMéiglech nei Sanktioune géint Venezuela

D'Europäesch Unioun denkt no der ëmstriddener Wiel vum Nicolas Maduro am Venezuela iwwer nei Sanktioune géintiwwer dem südamerikanesche Land no.

D'Presidentschaftswal e Sonndeg hätt international Standarden net erfëllt, sou d'EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini zu Bréissel. D'EU géif dowéinst iwwert déi adequat Mesurë beroden.

D'USA hu schonn direkt no de Walen nei Sanktiounen géint de Venezuela ugekënnegt. De confirméierte President Nicolas Maduro huet d'Reaktioun vu Washington scho veruerteelt. De ranghéchsten Diplomat am Venezuela gouf antëscht zur persona non grata deklaréiert.