Ajatollah Chamenei fuerdertEU misst sech vun den USA däitlech ofgrenzen

Am Sträit ëm den iraneschen Atomofkommes, huet sech och elo den Ajatollah Chamenei zu Wuert gemellt a kloer Fuerderungen un d'europäesch Länner gestallt.

Den ieweschten iranesche Geeschtlechen hält drop, datt d'Europäer d'Sortie vun den USA aus dem Deal veruerteelen an dem Iran Garantië gi fir weider Pëtrolsexporter an d'Transaktiounen mat europäesche Banken.

Den Iran hätt zwar keng Differenzen mat der EU, awer och kee Vertrauen, sou den Ajatollah.