Guiseppe ConteItalien huet net Wëlles aus der Eurozon auszetrieden

No wochelaanger Onsécherheet a Chaos schléit déi frësch vereedegt Koalitioun aus der 5-Stäre-Beweegung an der Lega elo ganz moderéiert Téin an Italien un.

© AFP

"Mir si keng Marsmënschen an dat wäerte mer och beweisen", sot den neie Premier Guiseppe Conte. Den neie Finanzminister Giovanni Tria huet sech beméit Friddenszeechen op Bréissel ze schécken, déi d'EU soll sech berouegen. Et hätt een net Wëlles aus der Eurozon auszetrieden, sou de Minister.

Déi nei Populisteregierung huet grouss Versprieche gemaach. Notamment eng eenheetlech Steier op d'Grondakommes, d'Flüchtlingspolitik komplett ze änneren, an eng Aussepolitik vun „Italien FIRST“ ze promouvéieren.