EU vs USAStroftaxen op US-Produite gëlle vu Juli un

Vu Juli u sollen elo och Stroftaxen op amerikanesche Produiten, dorënner Stol, Whiskey, Harley-Davidson Motoen a Levis’Jeans, gëllen.

Stroftaxen op US-Produiten: Reaktiounen aus der Chamber (06.06.2018)
Reaktioun an der Chamber: Et drifft een ëmmer méi mat den USA auserneen.
Dat huet um Mëttwoch de Moien de Vize-President vun der EU-Kommisisoun Maros Sefcovic annoncéiert a betount, datt déi sougenannten Ausgläichtaxen am Aklang mat de Reegele vun der Welthandelsorganisatioun wieren. Bis d’Enn vum Mount soll et een Accord an deem Sënn mat den EU-Memberstaate ginn. Domadder äntwert d’EU Kommissioun op dem President Donald Trump seng Stroftaxen op Aluminium a Stol.

Stroftaxen - E Reportage vum Bill Wirtz



Enn Abrëll hat den amerikanesche President Donald Trump sech dozou decidéiert, fir Europa aus Handelsmesure fir Stol an Aluminium eraus ze huelen. Bis Ufanks Juni haten d’Europäesch Kommissioun a Washington also Zäit fir eng Léisung ze fannen. Well dat net geschitt ass, erhiewen d’Amerikaner elo 25% op Stol, an 10% op europäeschem Aluminium. Dat betrëfft och ganz kloer Lëtzebuerger Entreprisen.

D’EU klot elo virun der international Handelsorganisatioun. Ab Juli da wëll d’Europäesch Kommissioun Stroftaxen op amerikanesch Produkter verhänken, fir sech géint Stolmesuren ze wieren. Eng 200 Produite si dovu betraff, dorënner Bourbon, Orangejus, Jeans oder Harley-Davidson Motorrieder. Dës Produite gi strategesch gewielt, well se aus Staate vun enger Rei vu wichtegen amerikanesche Senateure kommen. Esou wëll d’EU den amerikanesche Senat zu Washington op seng handelspolitesch Linn kréien.

Ganz onschëlleg ass d’Europäesch Unioun awer net, well op ville Produkter d’EU méi héijen Zoll erhieft wéi Amerika. Een neien Diesel-Auto zum Beispill gëtt an den USA mat 2,5% besteiert. Hei an Europa géif dee selwechten Auto mat 16 Prozent verzollt ginn.

Reaktioun an der Chamber: Et drifft een ëmmer méi mat den USA auserneen

Wou bleift déi traditionell Wäertegemeinschaft, op déi ee sech ëmmer berifft? Déi Fro hu sech d’Deputéiert e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber e puer Mol gestallt, wéi iwwert déi amerikanesch Stroftaxen op Stol an Aluminium geschwat gouf. Dëse Sujet war an enger Aktualitéitsstonn um Krautmaart diskutéiert ginn, nodeems d’LSAP dës op den Ordre du Jour stelle gelooss huet. Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry huet gemengt, datt een hei keen Enn vun der Spiral géif gesinn. Et géif een ëmmer méi mat den USA auserneendriften. Deemno wier et ëmsou méi wichteg, bilateral Handelsaccorden auszeschaffen.

Extrait Alex Bodry

Géint deen Accord mat Japan hu sech awer déi Lénk gestallt, an eng Motioun eragereecht, fir datt Lëtzebuerg am Conseil dat Ofkommes net z’ënnerschreiwen. Déi Motioun gouf awer mat 56 Nee-Stëmme refuséiert.

E Frënd, d’USA sinn eis Friem ginn, huet de Laurent Mosar vun der CSV gemengt. D’USA géife wéi e Rüpel handelen, et géif ee sech fillen, wéi am wëlle Westen.

D’Reegele vun der Welthandelorganisatioun sinn dofir do, fir datt de Welthandel transparent ass an de Protektionismus ofgeschaf gëtt, sot de Jean Asselborn. Konkret op den Impakt vun den amerikanesche Stroftaxen op Lëtzebuerg, huet de Chef-Diplomat erkläert, datt do intervenéiert gouf.

Extrait Jean Asselborn

De Jean Asselborn huet da nach emol virun asiateschen Iwwerkapazitéit gewarnt, déi de Stolpräis drécke kéinten, och an Europa.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.