StroftaxenEU decidéiert Taxen op amerikanesch Produiten

Zu Bréissel hunn d'EU-Memberlänner um Donneschdeg driwwer beroden, wéi een op déi amerikanesch Stroftaxen op Stol an Aluminium reagéiert.

Vertrieder vun de Länner hunn eng Lëscht mat amerikanesche Produiten am Wäert vun 2,8 Milliarden Euro, op déi Géigentaxen agefouert ginn, ugeholl. D'Taxe kéinte schonn an den nächste Wochen a Kraaft trieden, wann eng einfach Majoritéit vun den EU-Länner an den nächsten Deeg dofir stëmmt.

Op der Lëscht sti Wuere wéi Jeans, Erdnuss-Butter a Bourbon-Whiskey. D'Taxe mussen nach formell vun den EU-Kommissaren ugeholl ginn. Den nächste Rendez-vous ass fir den 20. Juni ugesat.

D'USA froen zanter dem 1. Juni Stroftaxe vu 25% op Stol souwéi 10% op Aluminium aus der Europäescher Unioun. Di europäesch Géigentaxe kéint op Wueren wéi Bourbon-Whiskey oder nach Harley-Davidson-Motorrieder agefouert ginn. De Surplus géif bei 25% leien. Den amerikanesche President huet an dem Kontext scho mat weidere Stroftaxen op europäeschen Autoen gedreet.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.