VIDEO - BrexitWat ass an den zwee Joer nom Vott geschitt?

Den 23. Juni 2018 sinn et op den Dag genee zwee Joer hier, dass Groussbritannien an engem Referendum decidéiert huet, fir aus der EU auszetrieden.

Brexit: 2 Joer nom Vott (23.06.2018)
Wat ass bis elo geschitt? Eng Chronologie vum Petz Bartz.
Zënterhier ass d'Land déif gespléckt. Och e Samschdeg waren erëm zéngdausende Bierger zu London op der Strooss, fir géint e Brexit ze manifestéieren.

Si froen ee neie Referendum iwwert dat finaalt Ofkommes mat der EU, dat virum Stéchdatum vum Austrëtt, den 29. Mäerz d'nächst Joer.

D'Regierung bleift allerdéngs haart op der Linn vum Brexit, och wann et net zu engem Ofkommes sollt kommen.

E Réckbléck op déi lescht zwee Joer vum Petz Bartz.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.