E Sonndeg zu BréisselGrenzsécherung a Sammellageren, ma näischt Offizielles

16 vun 28 EU-Memberstaate waren op Invitatioun vum Kommissiounspresident Juncker zesummekomm, fir iwwer d'Asylpolitik vun der Unioun ze beroden.

Gesicht gouf en Auswee aus dem Sträit ëm eng europäesch Flüchtlingspolitik. Ma wéi erwaart gouf et keng grouss Léisunge fir d'europäesch Flüchtlingspolitik.

Vill gudde Wëllen hätt et ginn, betount déi däitsch Kanzlerin. Et wär een sech eens, dass een déi illegal Migratioun bremsen an d'Grenze besser schütze wéilt. Et dierft een déi Länner wou d'Flüchtlingen ukommen, wéi Italien, awer net eleng loossen, sou d'Angela Merkel. Iwwerall, wou europäesch Léisunge méiglech sinn, soll een déi entaméieren.

Migratiouns- an Asyl-Politik zu Bréissel am Fokus (24.06.2018)
16 vun 28 EU-Memberstaaten hu sech op enger "informeller Aarbechtsreunioun" konzertéiert. Andréck vum Jeannot Ries.


D'Angela Merkel hofft, an den nächsten Deeg nach duerch bi- an trilateral Gespréicher Léisunge mat eenzele Länner ze fannen. D'Bundeskanzlerin ass ënner Drock duerch de Sträit mat der CSU. Den Inneminister Seehofer wëll jo verhënneren, dass Flüchtlingen an d'Land kommen, déi schonn an engem anere Staat eng Demande op Asyl gestallt hunn.

D'Angela Merkel



Frankräich a Spuenien hu sech no engem Treffen zu Paräis e Samschdeg fir zoue Flüchtlings-Opname-Zentren op europäeschem Buedem ausgeschwat an domadder dem EU-Rotspresident Donald Tusk seng Propos ecartéiert, fir esou Zentre baussent der EU opzeriichten. Donieft fuerdere béid Länner finanziell Solidaritéit ënnert den EU-Länner, fir Asyldemandë méi séier kënnen ze traitéieren.

Den Emmanuel Macron



D'Positioun vum Grand-Duché war e Sonndeg de Mëtteg och kloer. Et setzt een op Solidaritéit. An dësem Dossier kéinten et keng national Léisunge ginn, ma et misst no europäesch Léisunge gesicht ginn, hat de Premier Xavier Bettel betount.

De Xavier Bettel



Fir den Ofschloss sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel, dass et net drëms gaange wier, ob d'Madamme Merkel d'nächst Woch nach Kanzlerin ass oder net, am Mëttelpunkt hätt eng gemeinsam Integratiouns- an Asylpolitik gestanen.

Italien drängt am Migratiounssträit op e radikale Changement. Et kéint net sinn, dass d'Migranten do mussen eng Demande op Asyl maachen, wou se ukommen. Et misst een dat méi strukturéiert ugoen. De System misst komplett iwwerwonne ginn, et misst een dat vun elo u méi strukturéiert ugoen. An Italien komme jo EU-wäit déi meeschte Flüchtlingen un.

Donieft fuerdert den italienesche Premier Conte och, dass an aneren EU-Staaten Migratiounszentren opgemaach ginn, net just an Italien an a Spuenien.

Vu Bréissel gëtt et um Sonndeg den Owend keng offiziell Konklusiounen. Ma scho virdrun hat sech als Kompromëss ugedeit, dass d'EU-Baussegrenze wuel nach méi staark wäerte geséchert ginn an dass Sammellagere fir Migranten ageriicht ginn, entweder bannent oder baussent der EU, dat bleif ofzewaarden.

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, deen de Spezialsommet organiséiert hat, informéiert elo de Conseilspresident Donald Tusk iwwert d'Gespréicher.

Obwuel de Sommet ouni konkret Resultater op en Enn gaang ass, rechent déi däitsch Verdeedegungsministesch Ursula von der Leyen, datt et bannent der Union zu engem Accord am Asylsträit mat der CSU kënnt. D'Europäer missten zesummen no Léisungen an der Flüchtlingsfro sichen an net alleng ee géint deen aneren handelen. D'CSU huet der Kanzlerin bekanntlech bis de Sommet Enn der Woch mat alle Memberstaaten Zäit ginn, fir op europäeschem Niveau eng Léisung ze fannen. Anerefalls wëll den Horst Seehofer dekretéieren, datt Migranten déi schonn an engem anere Memberland Asyl ugefrot hunn net an Däitschland erakommen.

Reaktioun Jean Asselborn

Den Ausseminister Jean Asselborn huet um Méindeg de Moien am RTL-Interview, d’Propositioun vun Éisträich fir eng Zorte Sammel-Lager baussent dem Gebitt vun der EU, beispillsweis an Albanien oder am Kosovo anzeriichten, en Affront genannt.

Et wier carrément en Affront géint d’Mënschlechkeet fir iwwerhaapt un esou Saachen ze denken. Keen eenzegt Memberland wéilt mat op dee Wee goen.

De Kär vum Flüchtlingsproblem wier zanter dem Ufank vun der Kris virun 3 Joer bis haut nach net richteg geléist, seet de Jean Asselborn. All Memberstaat misst upaken a sech net de-solidariséieren. Eenzel Länner géife sech awer weiderhin ausklinken a kee Flüchtling, deen ënnert d’Genfer Konventioun fält méi ophuelen.

Et kéint net sinn dass just d’Länner op de Baussegrenzen d’Leit missten ophuelen. Ouni Solidaritéit geet et net, seet den Ausseminister.

De kompletten Interview mam Jean Asselborn


Schreiwes vum SIP
Xavier Bettel a participé à une réunion de travail informelle sur les sujets des migrations et de l'asile à Bruxelles (24.06.2018)

Communiqué par: ministère d'État

Le 24 juin 2018, Xavier Bettel a participé à une réunion informelle sur les sujets des migrations et de l'asile, à Bruxelles.

En effet, le président de la Commission européenne, Jean-Claude Juncker, avait invité les chefs d'État et de gouvernement intéressés, à participer à une réunion de travail informelle sur les sujets des migrations et de l'asile. Dans ce contexte, le Premier ministre a souligné qu'en ce qui concerne « la réforme de Dublin et tous les éléments du paquet asile, il faut agir rapidement car le système actuel n'est pas tenable en cas de crises ou d'arrivées massives ».

Il a également rappelé que « l'UE est faite de compromis et de prises en considération du point de vue des autres ».

Le but de la réunion a été de préparer les travaux du Conseil européen des 28 et 29 juin 2018.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.