EU"Jo" fir Bäitrëttsverhandlunge mat Mazedonien an Albanien

Enn 2019 kéinten éischt Gespréicher gefouert ginn.

De griichesche Regierungschef Alexis Tsipras (l.) mat sengem mazdoneschen Homolog Zoran Zaev© AFP

Am fréien Dënschdeg den Owend hunn d'EU-Memberlänner um Kierchbierg am Prinzip "Jo" gesot zu Bäitrëttsverhandlunge mat Albanien a Mazedonien. Déi zwee Länner vum Balkan mussen awer Fortschrëtter bei Reforme beweisen.