D'Zukunft vun EuropaDe Frans Timmermans an de Jean Asselborn am Bierger-Dialog

Wéi eng Zukunft fir Europa? Mécht Europa genuch oder ze vill? Doriwwer gouf am Bierger-Dialog diskutéiert.

De Frans Timmermans am RTL-Interview (02.07.2018)
Wéi eng Zukunft fir Europa? Mecht Europa genuch oder ze vill?

Regierungskris an Däitschland, Migratiounspolitik. Dat sinn d'Sujeten déi d'Politik den Ament beweegen. D'Anne-Sophie Heck huet am Virfeld vum Bierger-Dialog mam Frans Timmermans iwwer déi europäesch Aktualitéit geschwat.

De Frans Timmermans iwwert d'Roll vun Däitschland


De Frans Timmermans, den éischte Vize-President vun der EU-Kommissioun war e Méindeg op Besuch zu Lëtzebuerg an huet am RTL Interview op d'Regierungskris an Däitschland reagéiert. D'EU kéint ee Wee fannen an der Migratiounspolitik. An Däitschland wéisst, datt si eng grouss Verantwortung hätten.



Alleguerten d'EU-Memberlänner si betraff vun der Kris a féiert och an deene Länner zu politeschen Diskussiounen. Et et wier een och bereet, zesumme Léisungen ze fannen, eppes dat de Frans Timmermans och als deen eenzege richtege Wee consideréiert, och fir Däitschland.



Ouni Däitschland géif et kee Wee ginn..., dohier weess déi däitsch Regierung och ganz gutt, wéi wichteg d'Decisiounen am Moment vu Berlin aus fir d'EU sinn.