Europol am WM-Féiwer25 "Most Wanted": Hei de Code fir "de Lëtzebuerger"
Och Europol kuckt, wéi et schéngt, gäre Futtball elo wärend der WM. Anescht ass hir nei Affiche am Kader vun hiren "Most Wanted" an der EU net z'erklären.

Bei deene 25 Persounen, déi am Moment vun Europol an der EU gesicht ginn, ass iwwregens och eng Persoun aus Lëtzebuerg dobäi. Opfälleg bei der Affiche vun Europol ass deen e wéineg ongewéinlechen Design. Erënneren deet de Site nämlech un d'Panini-Biller, déi et jo ëmmer traditionell fir eng Futtball-WM oder EM gëtt.
Fir dass d'Leit och nach léiwer matmaachen, kritt een no an no déi eenzel Coden, fir d'Biller ze deblockéieren. Virdru gesäit een d'Fotoen nämlech net, sou dass ee sech déi Kriminell zesummesammele kann. De leschte Code gëtt et e Samschdeg 14. Juli, fokusséiere wäert sech d'Aktioun virun allem op déi sozial Netzwierker.
Antëscht ass dann och de Code fir den "Vertrieder" vu Lëtzebuerg publik. En ass: #UWillNeverWalkOut (of jail), also du kënns nimools aus dem Prisong. Anzeginn ass de Code op http://www.eumostwanted.eu.
To the tune of #UWillNeverWalkOut || of jail 🔒||, the EU #MostWanted players from Luxembourg🇱🇺, Romania🇷🇴 & Slovenia🇸🇮 enter the pitch. Sing along with us! 🎶 Insert the code on https://t.co/R12smSy7Ya #MostWantedCup pic.twitter.com/uDbhR1XAVL
— Europol (@Europol) July 13, 2018
D'Zil vun dëser Aktioun ass et, dass sech d'Leit Gesiichter vun de Leit, déi gesicht ginn, aprägen. Wat méi Leit sech d'Gesiichter verhalen, wat d'Chance méi grouss ass, dass een déi gesichte Persounen och fënnt. D'Doten, déi hinnen zu Laascht geluecht ginn, sinn an der Reegel ganz grave.
Zënter 2016 goufen duerch ënnerschiddlech Aktioune bis ewell 17 geféierlech Krimineller erëmfonnt a konnte festgeholl ginn.
Weider Infoe ginn et hei!
Our #MostWantedCup starts tomorrow at 8:00 CEST on #socialmedia🏆⚽! From 12-14 July, European law enforcement will release 4 codes a day (8:00, 12:00, 16:00 & 20:00 CEST). Get the codes, unlock the cards of the #EU #MostWanted fugitives & help police! 👉https://t.co/HewF1z0Efj pic.twitter.com/OZsmQ3yP6y
— Europol (@Europol) July 11, 2018
Time to blow the final whistle on Europe’s #MostWanted fugitives 🏆⚽!
— Europol (@Europol) July 11, 2018
25 #EU #MostWanted fugitives on the run 🏃 have been playing this match for too long. Help police blow the final whistle! Get the codes, unlock their cards & complete the album 👉https://t.co/HewF1zif6R pic.twitter.com/W85p7708WE
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.