Britescht AtomkraaftwierkEuropäesche Geriichtshaff gëtt gréng Luucht fir Hinkley Point C

Den EuGH zu Lëtzebuerg huet en Donneschdeg säi Verdikt bekannt ginn, wat déi staatlech Hëllefe fir dat geplangten Atomkraaftwierk Hinkley Point C ugeet.

© AFP
Eng indirekt juristesch Néierlag gouf et fir Lëtzebuerg en Donneschdeg de Moien um Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg. De Grand-Duché hat eng Klo vun Éisträich géint eng Decisioun vun der EU-Kommissioun ënnerstëtzt. Wien hat fonnt, dass Hëllefe vu Groussbritannien un d'Atomzentral vun Hinkley Point C, déi Bréissel guttgeheescht hat, z'annuléiere wären. Den Tribunal vun der Europäescher Unioun huet d'Decisioun vun der Kommissioun awer confirméiert.

Hinkley Point C: Reportage Eric Ewald



Am Oktober 2014 hat Bréissel gréng Luucht gi fir d'Hëllefe vu London un d'Atomzentral vun Hinkley Point C, duerch déi nei Kapassitéite vun nuklearer Energie solle geschafe ginn. Hinkley Point C soll 2023 a Betrib goen an eng Lafzäit vu 60 Joer hunn. D'Hëllefe si fir den zukünftege Bedreiwer vun der Atomzentral virgesinn. Fir d'EU-Kommissioun waren dës Hëllefe compatibel mam Bannemaart vun der Europäescher Unioun. Si wären néideg, fir d'Zil vum Schafe vun neie Kapassitéiten un nuklearer Energie z'erreechen. Éisträich hat d'Annulatioun vun där Decisioun gefrot a war ebe vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt ginn, wougéint sech Tschechien, Frankräich, Ungarn, Polen, Rumänien, d'Slowakei a Groussbritannien op d'Säit vu Bréissel geschloen haten.

En Donneschdeg hunn d'EU-Riichter de Recours vu Wien deemno verworf. Wat d'éisträichescht Argument ugeet, dass d'Fërdere vun Atomstroum keen Zil vu gemeinsamem Intressi wär, fënnt den Tribunal, dass d'Zil vun engem Memberland wuel eent vun ëffentlechem Intressi muss sinn; et misst awer net forcement eent vun alle Memberlänner oder enger Majoritéit vun hinne sinn: D'Kommissioun hätt an deem Sënn kee Feeler gemaach. Och hätt all Memberland d'Recht, tëscht verschiddene Stroumquellen déi erauszesichen, déi em am léifste wären.

E weidert Argument vu Wien, dass d'Interventioun vu Groussbritannien net néideg gewiescht wär, gouf genee sou zréckgewise wéi dat, dass am Zäitraum, an deem Hinkley Point C gebaut gëtt, ongeféier genee souvill Kapassitéiten u Wandenergie hätte kënne gebaut ginn.

Zu gudder Lescht hat och d'Argument, dass Groussbritannien fir de Projet vun Hinkley Point C eng Ausschreiwung hätt misse maachen, keng Wierkung bei den europäesche Riichter.

D'Anlag, déi vum staatlech franséische Konzern EDF zesumme mat engem chinesescher Entreprise gebaut gëtt, soll 2025 un d'Netz goen. Et ass déi éischte Kéier zanter ronn 20 Joer, dass nees eng nei Atomzentral gebaut gëtt. Plaintë vun däitsche an éisträicheschen Stroumproduzenten géint d'Subventioune vun Hinkley Point waren vum EU-Geriicht am Joer 2016 als net recevabel zeréck gewise ginn. D'Geriicht hat ënnert anerem festgehalen, dass den Ökostroum-Produzent Greenpeace Energy kee Recht hätt, eng Plainte ze maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.