EU-Rapport iwwer LibyenFolter, Viol, Organhandel an Zwangsprostitutioun

Ee Rapport vun der EU confirméiert uerg Mënscherechtsverletzungen a Libyen, virun allem vis-a-vis vu Migranten.

Rieds geet vu Folter, Viol, Zwangsprostitutioun a vun Handel mat mënschlechen Organer.

Dat passt net zur aktueller EU-Migratiounspolitik, déi drop aus ass, Flüchtlingen un engem weiderreesen aus Libyen ze hënneren. D'EU huet eng Preferenz derfir, dass Migranten an Nordafrika opgeholl ginn.

Do solle verstäerkt Flüchtlingslager opgeriicht ginn.