EU-Austrëtt ouni Ofkommes a KontrakterChef vun der britescher Zentralbank fäert een haarde Brexit

De Chef vun der britescher Zentralbank fäert ee sougenannten haarde Brexit, also een EU-Austrëtt ouni Ofkommes, Kontrakter an Iwwergangs-Reegelungen.

De Chef vun der Britescher Zentralbank Mark Carney© AFP

D'Probabilitéit vun deem Zeenario wier den Ament desagreabel héich. Hien huet un d'britesch Regierung an d'EU appelléiert, een Accord ze fannen, och wann de britesche Finanzsystem op een Hard-Brexit virbereet wier. D'britesch Pond huet no deenen Aussoen u Wäert verluer.

Dem Plang no sollen d'Negociatiounen am Oktober ofgeschloss sinn. Den Austrëtt ass fir Mäerz d'nächst Joer virgesinn.