EuropawalenFDP an "En Marche" striewen Zesummenaarbecht un

Déi däitsch Freie Demokratische Partei strieft fir d'Europawalen d'nächst Joer eng Zesummenaarbecht mat der Partei vum franséischen President un.

Den FDP-Chef Christian Lindner.© AFP

Bei engem Treffen dës Woch zu Paräis wär kloer ginn, dass d'FDP déi däitsch Partei ass, déi En Marche inhaltlech am nooste géif stoen, dat sot den FDP-Chef Christian Lindner der Presse. Béid Parteien wéilten zum Beispill wirtschaftlech Ënnerscheeder méi séier iwwerwannen.