Ëmfro80% vu befrote Leit si fir d'Ofschafe vun der Zäitëmstellung

D'EU wollt vun de Leit wëssen, wat se vun der Zäitëmstellung halen. D'Resultat ass däitlech. 4,6 Millioune Leit hu bei der Ëmfro matgemaach.

D'Zuel schwätzt eng kloer Sprooch. Méi wéi 80% vun den Europäer hu sech an der rezenter Ëmfro vun der EU-Kommissioun fir d'Ofschafe vun der Zäitëmstellung ausgeschwat, dat huet e Mëttwoch de Moien ënnert anerem d'Noriichtenagence Dpa gemellt.  D'EU-Kommissioun huet an dëser Fro bis ewell nach net tranchéiert.

EU-Zäitëmstellung / Reportage Claude Zeimetz

Bréissel huet bis ewell nëmmen matgedeelt, wéi vill Leit bei der ëffentlecher Consultatioun matgemaach hunn an ass fir den Ament nach am Gaangen, sech ze beroden. Eng Spriecherin vun der Kommissioun sot um Dënschdeg Owend just, déi zoustänneg Kommissärin Violeta Bulc wéilt fir d'éischt mat hire Kollegen iwwert d'Resultater vun der Ëmfro beroden. Duerno géif dann iwwert déi nächst Schrëtt diskutéiert. Eng offiziell Confirmatioun vum Resultat gëtt et bis ewell och nach net. Um respektive Site war nach ëmmer ze liesen, d'Resultat géif an den nächste Wochen publizéiert.

D'Kommissioun hat Uganks Juli en Online-Sondage iwwert d'Summerzäit bei de Bierger, Intressevertrieder an Entreprisen lancéiert, nodeems d'Europaparlament d'Kommissioun am Februar opgefuerdert hat, Sënn an Onsënn vun der Zäitëmstellung ze préiwen.

4,6 Millioune Leit, dovunner 3 Milliounen Däitscher, hu bis Mëtt August bei  der Consultatioun  matgemaach. Si sollten uklicken, ob d'Zäitëmstellung bäibehale oder ofgeschaaft soll ginn an ob d'Leit léiwer déi artificiell Summerzäit oder d'Wanterzäit hale wéilten. Dat Ganzt sollt duerno eenheetlech an alle Memberstaate gereegelt ginn.

Heescht dat däitlecht Resultat vum Sondage dann elo, datt d'Summerzäit an der Europäescher Unioun ofgeschaaft gëtt?

Dat ass nach net gesot. Bréissel huet vun Ufank un ausdrécklech gesot, datt d'Consultatioun kee Referendum a keng verbindlech Virgab wier. Donieft kéint et och schwiereg ginn, sech an alle Memberstaaten op d'Dauer op eng Zäit ze eenegen.

Hei am Land hat sech virop de Landwirtschafts- a Konsumenteschutzminister Fernand Etgen zejoert kloer fir en Enn vun der Summerzäit ausgeschwat. Zanter 2002 gi Summer- a Wanterzäit EU-wäit eenheetlech gereegelt. D'Auere ginn dobäi ëmmer de leschte Sonndeg am Mäerz no vir an de leschte Sonndeg am Oktober eng Stonn zréck gestallt. D'Summerzäit war bekanntlech  no der Pëtrolskris an de 1970er agefouert ginn, fir Stroum ze spueren. Dat Argument ass awer antëscht awer zimlech ëmstridden.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.