Wéinst dem BrexitPanasonic verleet säi Sëtz vu London op Amsterdam

Eng Spriecherin vum japaneschen Elektronikkonzern Panasonic huet der AFP bestätegt, dass een de Siège vu London eriwwer op Amsterdam verleet.

De Panasonic-Europachef huet d'Plënneraktioun fir dësen Oktober ugekënnegt. Hannergrond sinn ënner anerem Bedenke wat d'Steierfroen uginn, deen Ament wou Groussbritannien aus der EU austrëtt. Dat ass jo am Mäerz 2019 de Fall.