Donald Trump"EU bal sou schlëmm wéi China, just méi kleng"

D'EU wier bereet d'Taxen op Autoen op null ze reduzéieren, wann d'USA dat selwecht géife maachen. Dat wëll den amerikanesche President awer net.

Cecilia Malmström

D'Propose ass dem Donald Trump net gutt genuch. En Donneschdeg huet d'EU Kommissärin Cecilia Malmström annoncéiert, datt d'EU bereet wier d'Taxen op Autoen op null ze reduzéieren, wann d'USA dat selwecht géife maachen. Dat wëll den amerikanesche President awer net, schreift d'Noriichtenagence Bloomberg, déi een Interview mam Trump hat. Dat wier keng adequat Offer, sot den Trump, dee weider mengt, datt d'EU  Zitat "bal esou schlëmm wier wéi China, just vill méi kleng".

D'Cecilia Malmström hat en Donneschdeg kloergestallt, datt d'Gespréicher mat den USA direkt op Äis geluecht géife ginn, sollten d'USA nei Stroftaxen decidéieren, do virop Taxen op den Import vun europäeschen Autoen.

Den Trump huet am Interview mat Bloomberg dann och nees betount, aus der Welthandelsorganisatioun wëllen erauszeklammen, wann déi sech net weiderentwéckele géif. Bei der WTO leien de Moment e puer Plainte wéinst den amerikanesche Stroftaxen.