BrexitBoris Johnson vergläicht Brexit-Verhandlunge mat engem Catch-Match

De viregten Ausseminister Boris Johnson huet d'britesch Regierung virun enger Victoire vun der Europäescher Unioun bei de Brexit-Verhandlunge gewarnt.

Déi Negociatiounen huet de fréiere Chef vun der britescher Diplomatie an der Zeitung „Daily Telegraph“ mat engem Match am Catche verglach, bei deem de Gewënner virdru scho feststéing. London géif dono flaach um Buedem leien, sou de Boris Johnson.