Ausseminister op Visitt an ItalienSou kann et net weidergoen, sou de Jean Asselborn

Et ass eng kriddeleg Rees bei e Grënnungsmember vun der EU, deen de Moment vu Populiste regéiert gëtt.

Si wiere sech a wichtege Punkten a Saache Migratioun "total eens gewiescht", dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch no senger Aarbechtsreunioun mat sengem italieneschen Homolog Enzo Moavero Milanesi. Béid Politiker hu sech fir e längert Gespréich zu Roum gesinn. Allebéid géifen se wëssen, datt een d'Migratioun um Mëttelmier net komplett stoppe kann, sot de Lëtzebuerger Diplomatiechef. Wann Flüchtlingsbooter Accès kréien fir an en Hafen an Italien oder Griicheland eranzefueren, dann mussen dës Flüchtlingen an der ganzer EU verdeelt ginn.

AUDIO: Den Ausseminister Jean Asselborn

Eng europäesch Dimensioun, dat heescht fir de Jean Asselborn konkret, datt sech alleguerten d'Memberstaaten bei dësem gemeinsame Solidaritéitseffort bedeelege mussen. Bis ewell hätte sech ëmmer déi selwecht 6,7,8 Länner fräiwëlleg abruecht an hätte fräiwëlleg Leit opgeholl, déi mat de Schëffer an Italien ukomm sinn.

Esou kéint et awer net weidergoen, eng europäesch Léisung misst endlech komme fir déi puer honnert Leit déi iwwert dëse Wee an Europa kommen. Wa mer dat net hikréien, dovunner ass de Jean Asselborn iwwerzeegt, da brécht d'Solidaritéit an d'Gemeinschaft an Europa virun allem an der Fro vun der Migratioun total zesummen.

Italien fillt sech an der Gestioun vun der Flüchtlingskris zanter Jore jo schonn eleng gelooss. Déi nei Regierung huet viru Kuerzem den Drock op d’EU-Partner däitlech eropgeschrauft andeems Rettungsschëffer net an italienesch Häfe gelooss goufen an Italien domadder gedreet huet, aus der europäescher „Sophia“-Missioun erauszeklammen.

Dem Jean Asselborn ass et no der Entrevue drëms gaangen, fir ze weisen, datt hien a säin Homolog sech a ville Punkte verstanen hunn, een deem aneren nogelauschtert hunn. De Lëtzebuerger Ausseminister selwer  weist vill Versteesdemech fir d'Länner um Mëttelmier déi sech a Migratiounsfroen dacks eleng gelooss fillen.

Hei kéint nëmmen eng europäesch Léisung hëllefen bei där all Memberstaat misst matmaachen.

Datt sech den italieneschen Inneminister Matteo Salvini vun der rietspopulistescher Lega sech mam Victor Orban solidariséiert, dat wier natierlech schwéier ze verstoen, sou nach de Jean Asselborn. Hien hat dat dem italieneschen Ausseminister och sou ze verstoe ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.